Regierung a Ministèren

Frankräich: Éischt Beamten no positivem Drogentest entlooss

A Frankräich si fir d'éischt Regierungsbeamt:innen a Mataarbechter:innen vu Ministèrë gekënnegt ginn, well si bei Drogentester positiv getest goufen. Dat huet de franséische Premierminister Sébastien Lecornu confirméiert.

auto_stories

1 min

© EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT)

Déi systematesch Tester hat de Regierungschef virun e puer Wochen ugekënnegt.

Zougang zu sensibelen Informatiounen

Dobäi soll et net drëm goen, e Beispill ze statuéieren. Vill vun de concernéierte Beamten hätten awer Zougang zu sensibelen Informatiounen. Dës Mesure soll och d'Glafwierdegkeet vun der Regierung am Kampf géint d'Drogekriminalitéit stäerken, esou nach de Sébastien Lecornu.