3.400 Hektar si bannent 24 Stonnen dem Feier am Departement Gironde zum Affer gefall. Ronn 20.800 Persounen hunn dowéinst bis ewell missen evakuéiert ginn, dorënner och vill Touristen, déi sech hei an der beléifter Vakanzendestinatioun Bassin d'Arcachon ophalen.
Wand mécht d'Läschaarbechten schwéier
Ronn 700 Pompjeeë probéieren, d'Feier ënner Kontroll ze bréngen – eng schwéier Missioun, well d'Wieder dem Feier an d'Kaarte spillt. De Wand géif de Brand zimmlech onberechenbar maachen an dat wäert wuel an den nächste Stonnen nach méi schlëmm ginn, sot de Chef vun de Pompjeeën aus dem Departement.
Weider Bränn am Land
Och ënner anerem am Departement Var, am Südoste vum Land, an an den Alpe brennt et. Am Var hunn och Persoune sécherheetshalber missen evakuéiert ginn. Zënter Ufank vum Joer gouf et a Frankräich schonn iwwer 12.500 Bëschbränn, deenen eng 44.000 Hektar zum Affer gefall sinn. Dat ass bal sou vill wéi d'Hallschent vun der gesamter Bëschfläch zu Lëtzebuerg.
De Moie war de Wirtschaftsminister Roland Lescure Invité op France Info a sot, d'Regierung géif alles dru setzen, fir sou séier wéi méiglech nei Läschfligere vum Typ Canadair ze kréien. D'Produktioun vun dëse Fligere wier awer op engem ganz niddregen Niveau gewiescht. Dowéinst géif et nach daueren, bis nei Fligeren disponibel sinn.