Pestiziden

Macron refuséiert Demissioun vu senger Ekologieministesch

Déi franséisch Ministesch fir d’ekologesch Transitioun, Monique Barbut, huet de Moien dem President Emmanuel Macron hir Demissioun ugebueden. De President huet déi awer refuséiert. D'Ministesch huet doropshin erkläert, datt si op hirem Poste bleift.

auto_stories

1 min

© EPA/MOHAMMED BADRA
(Foto: EPA/MOHAMMED BADRA)

Hannergrond ass d'Gesetz Loi d'urgence agricole, dat definitiv ugeholl gouf. Domat ginn och zwee Pestiziden nees zougelooss, déi bis elo a Frankräich verbuede waren.

Kritik un neie Pestizidreegelen

D'Monique Barbut hat sech géint dat Gesetz ausgeschwat. Op LinkedIn huet si geschriwwen, d'Regierung hätt – am Géigesaz zu deem, wat hir versprach gi wier – eng Debatt iwwer eng méiglech Ofleenung vum Gesetz verhënnert.

An dat wier an der Ëmweltpolitik ee Réckschrëtt ze vill, esou d‘Ministesch. Onkloer bleift, wéi et elo weidergeet, nodeems de President hir Demissioun net ugeholl huet.