Réckgang vum PIB a Frankräich: Regierung warnt virun Alarmismus
Déi franséisch Wirtschaft ass am éischten Trimester net gewuess. Den ekonomesche Wuesstem ass liicht zeréckgaangen. De Statistik-Institut Insée huet fir d‘éischt Trimester e Réckgang vun 0,1 Prozent vum Bruttoinlandprodukt a Frankräich notéiert.
D‘Inflatioun ass par konter weider geklommen, op 2,4 Prozent am Mee.
Déi franséisch Regierung huet op d‘Zuele reagéiert. Et misst een déi wirtschaftlech Situatioun genee am A behalen, mee et dierft een net an den Alarmismus falen, sot de Wirtschaftsminister Roland Lescure.