D’Erliichterung wat schonn am Virfeld vum G7-Sommet grouss. Den Emmanuel Macron sot den Deal tëschent Washington an Teheran wier eng gutt Saach, et misst een doru gleewen, datt dësen Accord elo de Krich op en Enn brénge kéint.
Trump: "Hormus-Passage bis e Freideg fräi"
De franséische President Macron huet ënnerstrach, datt Frankräich och bereet wier sech un enger reng defensiver Missioun ze bedeelege fir den Hormus-Passage nees opzemaachen. Den Donald Trump sot d’USA bréichten u sech keng grouss Hëllef vun anere Länner. Bis e Freideg wier d’Passage nees komplett fräi.
Taxen op Wäi vs. Taxen op digitale Servicer
Niewent der Situatioun am Noen Oste wäerten d’G7 awer och iwwer d’amerikanesch Stroftaxen diskutéieren. Den Donald Trump hat gëschter viru senger Rees a Frankräich gesot, hie kéint Stroftaxe vun 100 Prozent op franséische Wäin duerchsetzen, wa Frankräich weiderhin un der europäescher Tax op digitale Servicer festhale géif, déi amerikanesch Tech-Firme betrëfft.
Den Emmanuel Macron hat op TF1 eng kloer Äntwert: Amerika kéint net d’Gesetzer an Europa bestëmmen. Haut wäert um G7-Sommet virun allem de Krich an der Ukrain am Fokus vun de Gespréicher stoen.
Fridden an der Ukrain och Theema zu Évian
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass och zu Évian dobäi. Den Donald Trump sot gëschter nach hie kéint sech virstellen, datt een eppes maache kéint fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen. De G7-Sommet dauert dräi Deeg a geet domat nach bis muer den Owend.