Payconiq verschwënnt

Den digitale Bezuelsystem Wero gëtt och hei am Land agefouert

Den digitale Bezuelsystem Payconiq gëtt vu Wero ersat. Vu muer u soll den neie System och hei am Land disponibel sinn. An den dräi Nopeschlänner gëtt Wero scho vu 50 Millioune Leit benotzt, esou d’European Payments Initiative (EPI), déi vun europäesche Banken a Finanzdéngschtleeschter gegrënnt gouf.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / photothek.de | Thomas Trutschel play_arrow
(Foto: picture alliance / photothek.de | Thomas Trutschel)

Mam neie Bezuelsystem sollen ënner anerem gratis Direktiwwerweisungen och tëschent de Memberlänner méiglech ginn.

Sechs Lëtzebuerger Banke maache mat

Fënnef Lëtzebuerger Banke maachen de Wiessel am September. Dëst sinn d’Spuerkeess, BGL BNP Paribas, Post Finance, d’BIL a Raiffeisen. D’Banque du Luxembourg mécht de Wiessel eréischt am nächste Fréijoer. 

D’Transitioun zu Wero geet schrëttweis ëmgesat. D’Clientë gi vun hire Banken informéiert, soubal se d’App kënnen eroflueden.

Et soll just nach eng App ginn

Anescht wéi bei Payconiq wäert et eng eenzeg App fir all Benotzer:in vun de Lëtzebuerger Banke ginn. Fir Notzer:innen, déi en Handyvertrag am Ausland hunn, wäert d’Wero-App eréischt de 7. September am App Store oder Play Store ze fanne sinn.

Och no der Aféierung vu Wero wäert d’Payconiq-App nach bis Enn September funktionéieren. Dono ginn d’App an d’Mark Payconiq net méi genotzt. Duerch dëse schrëttweisen Iwwergang kënnen d’Notzer:innen nach Rechnunge bezuelen oder Sue schécken.

Fir d’Händler gëllt eng méi laang Iwwergangszäit fir d’Bezuele mat Hëllef vu QR-Coden. Dëst soll bis d’Enn vum Joer op de Wero-Bezuelsystem ëmgestallt ginn.

Alternativ zu Visa & Mastercard

D’European Payments Initiative “EPI”, e Konsortium vun europäesche Banken, huet de Bezuelsystem Wero als europäesch Alternativ zu Bezueldéngschter wéi Visa a Mastercard entwéckelt.

Mat Wero kann een, wéi och scho mat Payconiq, Direktiwwerweisunge vun engem Konto op en anere maachen oder ufroen, Rechnunge begläichen an am Buttek oder am Internet iwwer QR-Coden oder direkt um Site bezuelen.

Zousätzlech Funktioune wéi d’Geréiere vun Abonnementer a sougenannte Buy Now, Pay Later-Optioune sinn och geplangt.

Lauschterenplay_arrow