USA

Presenz vum russesche Finanzminister Anton Siluanow um G20 Sommet suergt fir Kritik

Um G20-Sommet vun de gréissten Industrie- a Schwellelänner zu Ashville an den USA suergt d‘Presenz vum russesche Finanzminister Anton Siluanow fir Kritik. Déi europäesch G20-Staaten hu refuséiert eng Gruppefoto mat him ze maachen.

auto_stories

1 min

G20 Sommet  | © EPA/Jesse Barber
G20 Sommet (Foto: EPA/Jesse Barber)

Den däitschen SPD-Finanzminister Lars Kilgbeil sot, de russesche Finanzminister hätt wéinst dem russesche Krich géint d‘Ukrain näischt um G20 verluer. 

D‘US-Regierung gouf och kritiséiert, well se Journaliste vun der „New York Times“, dem „Wall Street Journal“ a „Bloomberg News“ net zougelooss huet. Dës Medien äusseren dacks Kritik um US-President Donald Trump a senger Regierung.