An anere Länner gëtt dacks iwwer den ästheteschen Aspekt vun de Wandrieder diskutéiert, déi deelweis a grousse Wandparke stinn. Zu Lëtzebuerg wier et guer net méiglech esou vill Wandrieder beieneen ze stellen, huet de Paul Zeimet erkläert.
Akzeptanz ass iwwer déi lescht 25 Joer gewuess
Am Verglach mat zum Beispill Däitschland, géif et hei am Land méi streng Reegele gi wéi eng Distanz e Wandrad zu den Dierfer misst hunn.
"Doduerch huet een net déi Unzuel esou, ronderëm Dierfer vu ville Wandmillen, mee éischter punktuell, héich performant Anlagen."
Allgemeng géif et zu Lëtzebuerg eng grouss Akzeptanz fir Wandrieder ginn, huet de Generaldirekter vu Soler erkläert. Dat hätt sech iwwer déi lescht 25 Joer entwéckelt.
"Wann ech zeréckblécken op viru 25 Joer, wa mir dann e Projet vläicht am Schäfferot virgestallt hunn, da war e bëssen eng Nervositéit: 'Solle mir elo an e Gemengerot goen? Solle mir eng Ëffentlechkeetsversammlung maachen?'"
Haut géif et déi Nervositéit net méi ginn. Soler probéiert d'Leit och ëmmer besser ze informéiere fir hinnen hir Bedenken ze huelen. Dacks geséichen d'Leit am Internet Horrorszenarien déi net der Realitéit entspriechen.
Lauschtert hei de ganzen Interview mam Paul Zeimet