Energie

Fir 2027 kann de CEO vun Enovos keng Präisstabilitéit am Gaspräis méi garantéieren

Ufank Mäerz hat den Erik von Scholz, Enovos-CEO, bei eis op der Antenne gesot, datt dëst Joer net mat enger Erhéijung vum Gaspräis ze rechne wier. Dëst Verspriechen huet hie bis elo gehalen. De Präis sollt dëst Joer och net méi klammen. 2027 gesäit et awer anescht aus, an dat huet verschidde Grënn.

auto_stories

3 min

headphones

10 min

Erik von Scholz | © Radio 100,7 play_arrow
Erik von Scholz (Foto: Radio 100,7)

De Gaspräis sollt dëst Joer net méi klammen, esou den Erik von Scholz, CEO vun der Firma Enovos. Fir d’nächst Joer kéint hie senge Clienten awer net méi déi selwecht Präisstabilitéit garantéieren.

"Da gehen wir derzeit schon davon aus, dass sich die aktuell sehr hohen Gaspreise auch auf die Kunden niederschlagen werden. Wie hoch, das kann man aus heutiger Sicht noch nicht ermitteln."

Enovos keeft Gas pro rata an. Dat heescht, datt de Gas, deen haut um Marché verkaaft gëtt, schonn dat Joer virdrun oder esouguer nach méi laang am Viraus akaaft ginn ass. Dohier kënnt och den Decalage vun de Präisser – den Effekt vun internationale Konflikter oder Penurien spiert een eréischt e puer Trimester méi spéit am Portmonni. 

D’Energiefirma hätt sech elo och schonn zum Deel mat Gas fir 2028 an 2029 agedeckt. 

Resilienz-Pak dréint seng Friichten

De Resilienz-Pak, deen an der Tripartite decidéiert gi war, hätt och een Effekt op de Präis. D’CSV-DP-Regierung hat jo zesumme mat de Sozialpartner decidéiert, 15 Cent pro Kubik Meter beim Gas, ze subventionéieren.  

"Bei dem, was der Kunde am Ende zahlt, spielt das eine Rolle. Der Kunde sieht also unmittelbar die Effekte dieser staatlichen Unterstützungen auf seiner Rechnung. Und das ist natürlich mit ein Grund, warum er zusätzlich weniger zahlt"

De Gaspräis wier ënner anerem doduerch och méi déif wéi am Joer 2025. Dëst géif awer och mam Krich an der Ukrain zesummen hänken. De Gaspräis war wéinst dem russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain am Fréijoer 2022 jo massiv an d’Luucht gaangen an dat war nach laang ze spieren. 

Lëtzebuerg ass keng Insel

Wann de Wanter elo ganz kal gëtt, da gëtt natierlech méi Gas verbraucht wéi erwaart. Dëst géif sech dann och op de Präis nidderschloen. Dat am Sënn vun Offer an Demande. Well wann et hei am Land kal ass, dann ass et an eisen Nopeschlänner änlech. 

Dësen Zenario géif esouguer iwwer den europäesche Marché eraus goen. Souguer wann et elo a China oder den USA ee ganz kale Wanter géif, hätt dat Auswierkungen op de Präis hei am Land. 

"Die globale Nachfrage hängt ja vom Wetter ab, die Nachfrage in den USA, die Nachfrage in China, von den wirtschaftlichen Bedingungen. Also wir sehen ja schon, dass wir an einem Weltmarkt angeschlossen sind und deswegen ist die Situation recht komplex."

Lëtzebuerg huet keng eegne Gasspäicher. Dës sinn an eisen Nopeschlänner. D’Stocke musse virum Wanter mindestens zu 15 Prozent gefëllt sinn – a Relatioun mam Gas-Verbrauch. D’Energiefirma géif souguer deelweis méi wéi de Minimum stockéieren. 

Wéi sécher sinn eis Gas-Stocken am Ausland?

Wier et denkbar, datt an enger politesch ugespaanter Situatioun, Lëtzebuerg keen Zougank zu senge Stocken am Ausland kéint hunn?  

De CEO vun Enovos hält dat fir ganz onwarscheinlech. Et wier een hei un europäescht Recht gebonnen.

"Das sind europäisch rechtssichere Verträge. Insofern halte ich diese Situation für sehr unwahrscheinlich"

Flësseggas aus den USA

Enovos keeft Gas an Däitschland, Holland an der Belsch. Dës Länner bezéien de gréissten Deel aus Norwegen. Entretemps géif awer och vill Flësseggas an Europa geliwwert. LNG kënnt an dëser Zäit virop aus den USA.

Soss wier och vill Flësseggas aus dem Noen Osten an Europa exportéiert ginn. Elo géifen d'Golfstaaten awer éischter den asiatesche Marché bedéngen.

Den Erik von Scholz bedauert nach, datt et keen "richtegen" europäesche Marché gëtt. Dat souwuel a Bezuch op den Energie- an Aarbechtsmarché wéi och op de Kapitalmaart. Hien hofft, datt Europa hei nach méi enk zesumme réckelt. Dëst wier immens wichteg grad a Punkto Resilienz. 

Lauschterenplay_arrow