Santé

Moyenne vun 48 Schaffstonnen d’Woch: Jonk Doktere weisen sech no Accord zefridden

D’Associatioun vun de jonken Doktere weist sech nom Accord mat der Regierung d'lescht Woch deelweis zefridden. Am Accord gouf ënnert anerem eng Moyenne vun 48 Schaffstonnen d’Woch fest geluecht. Op enger Partie Fuerderunge wier d'ALMEVS awer sëtze bleiwen, bedauert hir Co-Presidentin Lisa Zangarini.

auto_stories

2 min

Dr. Lisa Zangarini | © 100,7
Dr. Lisa Zangarini (Foto: 100,7)

D’lescht Woch sinn d'Regierung an d'Association Luxembourgeoise des Médecins en voie de Spécialisation (ALMEVS) sech eenz ginn. D'Médecins en voie de spécialisation (MEVS) sollen ënnert aanerem e spezifesche Statut kréien.

Grad esou gouf eng Moyenne vun 48 Aarbechtsstonnen d’Woch festgeluecht. Bei exzeptionelle Situatiounen ass dës op 60 Stonnen d’Woch gedeckelt. 

Fuerderung no "A1-Karriär" 

Domat konnten zwar eng Partie Fuerderunge vun der ALMEVS duerchgesat ginn, mee net all, wéi d'Co-Presidentin vun der Associatioun Lisa Zangarini bedauert. 

“Eis Fuerderung war den A1-Status vun der Fonction publique zu Lëtzebuerg ze viséieren."

Dës Fuerderung vun engem A1-Status wéi en och an der Fonction publique gëllt, géif der Associatioun adaptéiert schénge mengt d'Dr. Lisa Zangarini.

Dës wier en Vue vun hiren Qualifikatiounen an och wat d'Responsabilitéit vun de Medezinner um Terrain ugeet, gerechtfäerdegt. Dës Fuerderung wier awer net ugeholl ginn, erkläert d'Co-Presidentin vun der ALMEVS.

Méi Congé a Formatiounsdeeg 

"Mir hunn dat net erreecht. Mir hunn awer eng däitlech Verbesserung kritt vun deem, wou mer virdrunner waren a sinn elo e bësselche méi alignéiert mat deem, wat zum Beispill an Däitschland ausbezuelt gëtt."

Nieft dëser partieller Upassung hätten si awer och e weideren "klenge Gewënn" erreecht. D'MEVS hätten elo zwee Deeg Congé méi kritt, an domat wier een elo bei 28 Deeg Congé légal pro Joer. Iwwerdeems hätten si och weider Formatiounsdeeg fir alleguerten d'MEVSen ausgehandelt.