Krankekeess

2025 hat d'CNS bal 1 Millioun Leit affiliéiert

D’CNS, d’Gesondheetskeess, huet Enn 2025 am Ganze ronn 987.000 affiliéiert Persoune registréiert. Dat ass ee Plus vun 1,4 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. D’CNS huet iwwerdeems 2025 4,78 Milliarden Euro akasséiert, 4,88 Milliarden Euro ausginn.

auto_stories

1 min

Dat heescht, datt d’Gesondheetskeess zejoert een Defizit vun 102 Milliounen hat, déi op Käschte vun de legale Reserve ginn. 

A Prozenter sinn d’Depensen ëm 7,2 Prozent geklommen. Bei de Recettë war et eng Hausse vu 5,6 Prozent.

Déi Situatioun wier bedéngt duerch eng Hausse vun dePrestatioune baussent de Spideeler.