Collectives for palestine

Demonstratioun fuerdert op en Neits de Verkaf vun "Israel Bonds" ze stoppen

Ronn 25 Membere vu “Collectives for Palestine” hunn haut an der Mëttesstonn op en Neits virum Finanzministère géint d’Autoriséiere vun den ëmstriddenen Israel-Bonds protestéiert.

auto_stories

1 min

© Diane Lecorsais
(Foto: Diane Lecorsais)

D'Demonstrante geheien Israel vir, mat de Gelder ee Genocide ze finanzéieren. Lëtzebuerg hätt an dëser Fro kloer eng Responsabilitéit. Dat hätten international Experte viru kuerzem op enger Konferenz, déi vun Amnesty Luxembourg an dem Comité pour une Paix Juste au Moyen Orient organiséiert gi war, kloer festgehalen.

De Verkaf vun israeelesche Staatsobligatiounen an der EU war am September d’lescht Joer vun der Lëtzebuerger Finanzopsiicht CSSF autoriséiert ginn, nodeems déi iresch Zentralbank hir Zoustëmmung wéinst massiver Kritik net verlängert hat.

“Collectives for Palestine” fuerdert d’CSV-DP-Regierung op, dëse Verkaf direkt ze stoppen a versammelt sech reegelméisseg, fir géint d‘Israel Bonds ze protestéieren.