Gazasträif

Israeelesch Arméi huet op en Neits dräi Palestinenser erschoss, dorënner wuel ee Kand

Et koum erëm zu déidlechen Zwëschefäll an der Gazasträif. Déi israeelesch Arméi huet am Norde vum Palestinsergebitt dräi Palestinenser erschoss. Wéi et heescht, well si an israeelesch kontrolléiert Gebitt eragaange wieren an doduerch eng Bedroung fir déi israeelesch Zaldoten gewiescht wieren.

auto_stories

1 min

©  EPA/ATEF SAFADI
(Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Palestinensesche Sourcen no wier een 13 Joer ale Jong ënner den Doudesaffer. 

Israel léist 5 Libaneese fräi

Am Kader vu sengen aktuelle Verhandlunge mam Libanon huet Israel dann elo fënnef libaneesesch Staatsbierger fräigelooss, déi vun der israeelescher Arméi am Süde vum Libanon festgeholl gi waren. 

Als Géigeleeschtung verlaangt Israel, datt am Libanon no verstuerwene Membere vun der jüddescher Communautéit soll gesicht ginn. Déi Membere solle Mëtt den 1980er Jore vun Terrororganisatiounen entfouert an ermort gi sinn.