Bedruchsaffär LuxTrust: Courier, dee Kreditkaarten agesammelt huet, festgeholl
D'Persoun ass schonn am Abrëll a Frankräich festgeholl ginn an duerno u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn, deelt de Parquet haut mat. Iwwer e sougenannten Phishing System huet de Mann Internetsäite vun der CNS, myguichet.lu a LuxTrust simuléiert.