MéIGLECH VENTE VU MEDIEN

Appell u Lëtzebuerger Medien-Autoritéite fir ze tranchéieren

ONGe vum West-Balkan schloen Alarm, well ee Balkan-Medie-Reseau mat Sëtz zu Lëtzebuerg soll u kritikabele Fonds verkaf ginn. D’Lëtzebuerger Autoritéite si bis elo net direkt domat befaasst.

auto_stories

8 min

headphones

9 min

D’Gebai vun der Telecom-Firma “Telekom Srbija” zu Belgrad a Serbien | © EPA/KOCA SULEJMANOVIC play_arrow
D’Gebai vun der Telecom-Firma “Telekom Srbija” zu Belgrad a Serbien (Foto: EPA/KOCA SULEJMANOVIC)

D’Kommunikatiounsentreprise “United Group” mat Sëtz zu Lëtzebuerg ass drop an drun, hire Medie-Reseau, zu deem eng Partie onofhängeg Medie vum West-Balkan gehéieren, ze verkafen. Déi Meldung zirkuléiert schonn eng Zäit an der Press.

Déi international Organisatioun fir investigative Journalismus, “Organized Crime and Corruption”, hat d'lescht Woch Detailer iwwer déi méiglech Vente vu verschiddene Medien-Outlets vu “United Group” publizéiert

30-Milliounen-Euro Deal nach net ënnerschriwwen

De Brouillon vum Kontrakt léich der Organisatioun vir: Fir 30 Milliounen Euro sollen deene Recherchen no Medien, déi zu “United Group” gehéieren, ewéi d'Tëlees-Chaînen N1 an Nova Television, déi bis elo kritesch iwwert d’Regioun am West-Balkan bericht hunn, un de Fonds “European Future Media Investments”, och mat Sëtz zu Lëtzebuerg, verkaf ginn.

De Kontrakt wier nach net ënnerschriwwen. Alarmant wier awer, datt Detailer an deem Kontrakt drop hiweisen, där Vente d’Investment-Firma “Alpac Capital Fund” mat Sëtz a Portugal an enke Lienen zum ungaresche Staat an dem perséinleche Reseau vum fréiere Premier Viktor Orban steet.

Déi nämmlecht Investisseure sinn an der Läscht doduerch opgefall, datt si bei anere Medien, déi si opkaf hunn, zum Beispill Euronews, an déi Editorial Linn agegraff hunn.

Doriwwer haten serbesch Medien an och déi franséisch Zeitung Le Monde zejoert detailléiert Recherchë publizéiert. 

Vente zu Lëtzebuerg kéint déi lescht onofhängeg serbesch Medien a Gefor brengen

Déi lescht Woch hunn eng 28 ONGen meeschtens aus Serbien Alarm geschloen: An engem Statement schwätze si dovun, datt déi Vente vun deene leschten onofhängege serbesche Medien un dee Lëtzebuerger Fonds mat am Hannergrond dem Orban-Imperium eng Gefor fir d’Mediefräiheet a Serbien an um West-Balkan duerstellt. 

Et wier eng vun de gréisste Menacë fir de Mediepluralismus an Europa an der rezenter Geschicht.

“Senderen ewéi N1, Nova S, oder Zeitungen ewéi Radar an Danas gehéieren zu deene leschten onofhängege Medien an där Regioun”, seet d’Sofija Todorović vun der “Youth Inititative for Human Rights”, déi de Statement mat ënnerschriwwen huet.

N1 eng Chaîne vun Adria News, déi zu United Group mat Sëtz zu Lëtzebuerg gehéiert, operéiert a verschidde Länner um Balkan, wou d’Chaînë fir hir kritesch Berichterstattung bekannt ass. 

De Viktor Orban virun der Press | © EPA/VICTOR LERENA
De Viktor Orban virun der Press (Foto: EPA/VICTOR LERENA)

CEO vun “United Group” seet sech prett, e Wonsch vum serbesche President ze erfëllen

A Serbie si mëttlerweil sou gutt wéi all d’Medie vum Staat kontrolléiert”, esou d’Mënscherechtsaktivistin géintiwwer dem 100,7. Dowéinst hätt des geplangten Transaktioun d’ONGen an Alarm versat.

Dozou bäigedroen huet och de Fait, datt et bei “United Group” schonn zu personelle Verännerunge koum, déi bedenklech wieren.

Ee Virfall war do besonnesch markant: An engem Gespréich tëschten dem neien CEO vun “United Group”, de Stan Miller, an dem CEO vun der serbescher Telekom, wat vun “Organized Crime and Corruption”, publizéiert gouf, héiert een déi zwee Männer doriwwer schwätzen, datt eng bestëmmte Persoun op Wonsch vum serbesche President den Aleksandar Vučić soll entlooss ginn. De Stan Miller versprécht doran, deen Uerder auszeféieren.

Déi annoncéiert Ëmstrukturéierung gouf dono vum CEO duerchgezunn. Déi betraffe Persoun, d’Aleksandra Subotić, eng vun den Direktesche bei “Adria News Network”, déi zu “United Group” gehéieren, gouf vun hirem Posten erofgeholl.

ONGe maachen Appell u Lëtzebuerger Autoritéiten

D’ONGen riichten an hirem Statement een direkten Appell un de Lëtzebuerger Medien-Regulateur eng méiglechst riguréis Analys ze maache vun deem Keefer an der Fro nozegoen, ob déi Firma wierklech à même ass, Proprietaire vun engem onofhängege Medienentreprise ze sinn.

"Dobäi muss een all déi Donnéën, déi bis elo iwwert dee Keefer bekannt sinn mat a Betruecht huelen”, seet d’Sofija Todorovic vun der “Youth Inititative for Human Rights”.

Service des médias an ALIA reagéieren: Juristesch Decisioun gëtt zu Lëtzebuerg geholl

Déi Lëtzebuerger Autoritéite wieren hei effektiv zoustänneg, confirméieren op eis Nofro souwuel de Service des médias, deen am Staatsministère ugesidelt ass ewéi den d’ALIA, d’Lëtzebuerger onofhängeg Autoritéit fir audiovisuell Medien.

An de Konzessiounen, déi zu Lëtzebuerg un déi verschidde Medie vergi goufen, “ass effektiv virgesinn, dass d’Actionnariat de référence vum Staat muss approuvéiert ginn”, schreift de “Service des medias, de la connectivité et de la politique numérique” .

Am Cahier de charge wier festgehalen, präziséiert d’Autoritéit fir audio-visuell Medien (ALIA), datt d’ALIA driwwer waacht wéi d’Konzessioune vu Medien-Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg baséiert sinn, exploitéiert ginn.

ALIA-Avis ernimmt “risque d’ingérence”

Interessant ass an deem Zesummenhank, datt d’ALIA zejoert am November, wéi d’Konzessioun vun enger Partie vun deene concernéierte Medie verlängert gouf, an hirem Avis duerchaus op Problemer higewisen huet.

Et bestéing de Risiko vun enger “ingérance”, an et wier eng “vigilence renforcée” ubruecht, heescht et do. Dowéinst gouf och just ee provisoresche positiven Avis erausginn deemools.

D’Konzessioune goufen allerdéngs verlängert.

Op d’Fro, ob sech déi Positioun zanterhier verännert huet, äntwert de “Service des médias”: 

“D’Konzessioune goufen op Basis vum Avis vun der ALIA accordéiert. Souwuel d’ALIA, wéi de Ministère, suivéieren déi aktuell Entwécklunge mat grousser Opmierksamkeet.”

D’Alia weist drop hin, datt hiren Avis, just “consultative Charakter” hätt a si bis elo keen neien Avis gefrot goufen.

D’Direktesch vun der Alia Cindy Bauwens an de President Marc Glesener halen an hirer schrëftlecher Äntwert och fest, datt deen Avis vum November de Froe vun der Gouvernance, der interner Organisatioun an “des préoccupations exprimées au niveau européen quant aux risques d’ingérence dans la ligne éditoriale” Rechnung gedroen hätt.

Déi neisten Entwécklungen, iwwer déi an der Press bericht goufen, “appellent une vigilance particulière", ënner anerem en vue vum Fait, datt déi juristesch Decisiounen zu Lëtzebuerg geholl ginn an en vue vun der “Onofhängegkeet vun den editoriale Strukture genee ewéi der Transparenz vun der Gouvernance. 

Bréissel verweist op Lëtzebuerg

D’ONGen hate sech an hirem Statement och un d’Europäesch Kommissioun gewant. Si u sech dobäi op den “European Media  Freedom Act” beruff. Dat ass een europäescht Reglement, wat de Pluralismus an d’Transparenz vu Medien an Europa soll garantéieren.

Dat Reglement setzt awer just de Kader. Fir d‘Ëmsetzen sinn déi zoustänneg national Autoritéiten responsabel, präziséiert d’Europäesch Kommissioun op eis Nofro

Serbien, also do wou déi Medien haaptsächlech genotzt ginn, ass Kandidat fir an d’EU ze kommen. Am Kader vun deem Prozess fir Member an der EU ze ginn, wier de Respekt vun der Fräiheet an dem Pluralismus vun de Medien essenziell, sou och nach d’Kommissioun.

Grënner a fréier CEO vun “United Group” deposéiere Plainte

“United Group” gehéiert selwer zënter 2019 dem britteschen Investement-Fonds BC Partners, wou vru kuerzem plëtzlech de Grënner vum Groupe, den Dragan Solak entlooss gouf.

De Kritiker vum serbesche President Vucic huet dann och des Woch Zesumme mat der fréierer CEO vun United Group, Viktorija Boklag, zu London eng Plainte géint BC Partners deposéiert an dat publik gemaach.

An hirer Deklaratioun beruffe si sech drop, datt déi geplangte Vente de Geschäftsmodell vu “United Group” fundamental verännert an dat dierft net ouni den Accord vun den Aktionäre geschéien.

Service des médias: Formell Demande läit net vir

Wéini d’Autoritéiten zu Lëtzebuerg aktiv ginn, ass nach net kloer.

Eng nei Prozedur gouf bis elo net lancéiert.

De Concessionnaire misst dofir eng formell Demande un déi zoustänneg delegéiert Ministerin beim Premierminister, déi fir Medien an d’Connectivitéit zoustänneg ass, Elisabeth Margue, maachen.

“Stand haut ass nach keng esou eng Demande erakomm”, präziséiert de ”Service des médias”.

Egal wéi: De Ball läit an hirem Feld ze tranchéieren, ob déi Mediebedreiwer mat Lëtzebuerger Konzessiounen, egal ob et zum Verkaf kënnt oder net, déi Editorial Onofhängegkeet vun deene Medie weiderhi garantéiere kënnen oder net.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Lauschtert d'Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

Lauschterenplay_arrow