Norwegen

De Fils vun der Mette-Marit gouf wéinst Vergewaltegung schëlleg gesprach

An Norwegen ass d‘Urteel gefall. De Fils vun der Krounprinzessin, de Marius Borg Høiby, gouf de Moie wéinst Vergewaltegung schëlleg gesprach. Hie gouf zu véier Joer feste Prisong verurteelt.

auto_stories

1 min

© EPA/Lise Aserud NORWAY OUT
(Foto: EPA/Lise Aserud NORWAY OUT)

Hie war wéinst véier Vergewaltegungen ugeklot, an an zwee Fäll gouf seng Schold zeréckbehalen. Véier Fraen, dorënner zwou Ex-Frendinne vum Marius Borg Høiby, kruten Entschiedegungen zougesprach. Hie selwer war beim Prozess wéinst gesondheetleche Grënn net present. 

De Marius Borg Høiby war op am Ganze 40 Punkten ugeklot. Dorënner och haislech Gewalt a Menacen. De Parquet hat siwe Joer a siwe Méint Prisong fir der Mette-Marit hire Jong gefuerdert.