Argentinien

Prozess iwwer dem Diego Maradona säin Doud gëtt nei opgerullt

Fënnef an en halleft Joer nom Doud vum Diego Maradona, gëtt de Prozess ëm säin Doud frësch opgerullt. Déi argentinesche Fussball-Legend war am November 2020 kuerz no senger Gehier-Operatioun gestuerwen. Bei de Soinen doheem solle schwéier medezinesch Feeler gemaach gi sinn.

auto_stories

1 min

© EPA/OLIVER WEIKEN
(Foto: EPA/OLIVER WEIKEN)

Den éischte Prozess hat missten no 21 Deeg d‘lescht Joer ënnerbrach ginn, well eng Riichterin suspendéiert gi war, well si bei engem net autoriséierten Documentaire-Film iwwert de Prozess matgemaach hat.

Vun haut u mussen sech elo zu San Isidro, nërdlech vu Buenos Aires, 7 Dokteren a Fleeger viru Geriicht veräntwerten. De Prozess dierft e puer Méint daueren. Déi Ugeklote riskéiere bis zu 25 Joer Prisong.