De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet eng deementspriechend offiziell Demande gemaach, esou d‘Piraten an engem Communiqué. Wéi si schreiwen, soll de fréieren Immigratiouns-Minister Jean Asselborn an der Chamberkommissioun erklären, wéi d’Kontrollen deemools organiséiert waren an ob hien iwwer méiglech Mëssstänn Bescheed wousst.
Ronn 30 Persounen am Verdacht
An dëser Affär geet et ëm de Verdacht, datt Lëtzebuergesch Staatsbeamten Dokumenter gefälscht hu fir Persounen aus Drëttstaaten Openthalts- an Aarbechtsgeneemegungen ze ginn.
Ronn 30 Persoune ginn aktuell beschëllegt. Fënnef Mataarbechter goufe suspendéiert.