Diddelenger Autobunn

448 Protokolle goufe bis elo wéinst Mëssbrauch vun der Covoiturage-Spuer geschriwwen

Kontrolle vun der Covoiturage-Spuer op der Diddelenger Autobunn gi vu Sanktioune begleet. Zënter Mäerz zejoert wäre wéinst dem net-Respekt vun der Covoiturage-Spuer 448 Protokolle geschriwwe ginn. Am Hierscht kéinten nei CITA-Ekippementer an den aktuelle System afléissen. 

auto_stories

1 min

D'Covoiturage-Spuer op der Diddelenger A3  | © Serge Kesseler
D'Covoiturage-Spuer op der Diddelenger A3 (Foto: Serge Kesseler)

Dat äntweren den Inneminister Léon Gloden an d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo an Dan Biancalana.

Am Fall vun aussergewéinlechen Evenementer op der Autobunn géif iwwerdeems vu Fall zu Fall gekuckt ginn, wéi een de Verkéier leet.

An deem Kontext géif och gekuckt ginn, wéi déi drëtt Spuer dynamesch kéint genotzt ginn, esou nach den CSV-Minister an d’DP-Ministesch.