D’Auktiounshaus Propstore zu Hertfordshire, England ass amgaangen eng ëmfangräich Sammlung vum däitsche Produzent Reinhold Mack ze versteeën. Dee Produzent, deen an den 1980er Joren och fir Queen hannert dem Mëschpult souz.
Iwwert d’Joren an der gemeinsamer Zesummenaarbecht, hunn sech nämlech 82 Géigestänn sou an der Sammlung zesumme fonnt, déi elo versteet solle ginn.
Dozou zielen ee Yamaha C3 Fliigel, ob deem de Frontmann vu Queen a Sänger Freddie Mercury zum Beispill de Song “Crazy little thing called love” drop komponéiert huet. Dëse Piano gouf haaptsächlech zu München an de Musicland Studio gespillt. Op dësem Piano hunn iwweregens och schonn d’Donna Summer, Led Zeppelin, d’Rolling Stones an Deep Purple hiren Album opgeholl. Geschat gëtt d’Instrument op ee Montant tëscht 235.000 bis 470.000 Euro.
Wann dat äre Budget liicht sprenge sollt, kéint jo eventuell den Teddybier interessant sinn, deen de Freddie Mercury dem Reinhold Mack sengem Jong geschenkt huet. Dëse kéint vir ronn 900- 1900 Euro de Besëtzer wiesselen.
Fir d’Audio Enthusiaste bitt d’Auktiounshaus an d’Sammlung vum Reinhold Mack awer weider Bijouen. Sou zum Beispill den original Mikro, mat deem d’Stëmm vum Freddie Mercury opgeholl gouf. Dëse soll mat Posch a Kabele fir 45.000 bis gutt 90.000 Euro uerdentlech Suen abréngen.
Oder och handgeschriwwe Songtexter fir ronn 7.000 Euro Schätzpräis.
Wie matbidde wëll, d’Auktioun vun den eenzelne Piècen ass den 01. An 02. Oktober 2026.