“Der Klang der Stradivari”, am Franséischen “Les musiciens” ass ee Film vum franséische Realisateur Grégory Magne. Dës Tragicomedie erzielt an 102 Minutten ee Bezéiungsdrama mat klassescher Musek.
Déi Saach mat de kënschtlereschen Usiichten ...
D’Astrid wëll de Kandheetsdram vun hirem verstuerwene Papp erfëllen a fir een aussergewéinleche Concert véier Stradivari-Instrumenter zesummebréngen. Dësen Dram, dee just nach duerch ee feelenden Cello an de Stären hänkt, gëtt awer schnell zu engem eenzege Chaos.
D’Zesummenaarbecht tëscht de véier Musekerinnen a Museker weist sech séier méi schwiereg wéi ugeduecht. Een ze groussen Ego, verschidde kënschtleresch Usiichten a verschidden Interpretatiouns-Usätz oder eng fréier Bezéiung tëscht Quartett-Partner maachen d’Saach net méi einfach. De Komponist Charlie Baumont, gespillt vum Frédéric Pierrot, soll hëllefen, de Knuet ze léisen. Mee och deen kennt seng mëttlerweil 30 Joer al Kompositioun net méi all ze gutt ...
Näischt ass dem Zoufall iwwerlooss!
Egal ob d’Schauspillerinnen an d’Schauspiller, d’Musek am Film oder souguer d’Instrumenter: näischt ass am neie Kinosfilm dem Zoufall iwwerlooss. De Casting vun de Museker, d’Kompositiounen an och d’Sträichinstrumenter sinn extra fir de Film ganz individuell erausgepickt ginn. Och wann natierlech keng richteg milliouneschwéier Stradivarien ze héiere sinn, dofir awer realitéitstrei Replicken. Bis elo lëscht nach kee Lëtzebuerger Kino am Programm “Der Klang der Stradivari” oder “Les Musiciens” op. Bei eisen däitschen Noperen kann een awer zënter leschter Woch de Film genéissen.