De Michael Haydn huet wéi säi grousse Brudder Joseph och am Bouwechouer vum Stephansdoum zu Wien gesongen. Hie war e bekannte Komponist, deen d'Wiener Klassik matgepräägt huet. Hien huet och als Organist vun der Dreifaltigskirche zu Salzburg gedéngt a war gläichzäiteg och nach "Hofkomponist". Insgesamt huet de Michael Haydn ronn 800 Kompositiounen hannerlos, dorënner och méi wéi 40 Sinfonien. An trotzdeem gouf seng Persoun a säi kompositorescht Wierk vum hautzedaags vill méi presente Joseph Haydn verdrängt.
Mir huele fir de Jubiläum vu sengem Doudesdag dem Michael Haydn seng Biographie aus deem Schiet eraus. Seng Geschicht hëlt allerdéngs no sengem Doud nach eng zimmlech komesch bis makaber Wendung ...