300 Mini-Mozarten zu Salzburg

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Stellt Iech vir, Dir spadséiert duerch Salzburg op de Spuere vum Mozart, rechent vläicht och mat där enger oder anerer Statu vum Wiener Klassiker– an op eemol gesitt Dir net een, mee gläich 300 gëlle Mozarte virun Iech stoen. Am Mirabellegaart an op nach e puer anere Plaze suergen déi Mini-Mozarten zu Salzburg am Moment fir Gespréichsstoff.

Déi 50 cm grouss Gold-Figure goufe vum Konzeptkënschtler Ottmar Hörl entworf. Et ass iwwregens net déi éischte Kéier, datt dëse Kënschtler esou eng Ausstellung mécht: Fir dem Richard Wagner säin 200. Gebuertsdag goufen zum Beispill 500 Wagner-Figuren duerch Bayreuth verdeelt.

Fir den 270. Gebuertsdag vum Mozart sollen d’Leit elo dozou ugereegt ginn, sech op eng nei Aart a Weis mam berüümte Komponist auserneenzesetzen.

Et soll seng mënschlech Säit beliicht ginn. Déi 300 Mini-Mozarte sinn nämlech net eleng: Zu all Figur gehéiert och en Hond! Dem Mozart huet säi Liblingshond Pimperl – oder och Madame Pimperl - genannt, an ass dacks mat him am Mirabellegaart spadséiere gaangen.

Elo mécht hien dat dann an 300facher Ausféierung - woubäi schonn 2 vun de Figure geklaut goufen.

De Kënschtler Ottmar Hörl huet awer domat scho gerechent an huet am Virfeld ëm déi 100 Extra-Figuren ufäerdege gelooss. Wann d’Ausstellung opgeléist gëtt, also Enn August, kann een och op legalem Wee un e goldene Mozart kommen – da ginn d’Figuren nämlech verkaf.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Elphi 2.0? - Startschwieregkeete fir d’Kölner Oper | © Jann Höfer

Elphi 2.0? - Startschwieregkeete fir d’Kölner Oper

Eis däitsch Nopere schénge mat Concertshaiser net vill Chance ze hunn. No Hamburg verrechent een sech 9 Joer méi spéit och mat der Kölner Oper. De Look ass allerdéngs imposant!
headphones

2 min

play_arrow
D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026 | © Quell: Ministère de la Culture

D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026

Fir déi drëtte Kéier ginn zu Lëtzebuerg mam "Lëtzebuerger Musekspräis" d'Talenter aus der Musekszeen geéiert. Nei dobäi sinn eng weider Präiskategorie wéi och ee méi grousse Jury.
headphones

2 min

play_arrow
Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein | © Paul de Hueck, courtesy the Leonard Bernstein Office, Inc

Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein

Onverwiesselbar, charismatesch, usprochsvoll - als Dirigent präägt de Leonard Bernstein wéi keen aneren d’20. Joerhonnert. Hie stierft op engem 14. Oktober 1990.
headphones

4 min

play_arrow
Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026 | © Gregor Hohenberg / Guido Adler / Deutsche Grammophon

Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026

Och dëst Joer goufen nees d'Stare vum Joer op der grousser Gala zu Berlin mam Opus Klassik ausgezeechent.
headphones

3 min

play_arrow
MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper | © Pixabay

MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper

En éischter ongewéinleche Casting huet sech an der MET Opera ofgehalen, bei där eng Schlaang fir dem Mozart seng Oper "Cosi fan tutte" gecast gouf.
headphones

2 min

play_arrow
Uropféierung vun der Catherine Kontz | © Patty Zavala / Unsplash

Uropféierung vun der Catherine Kontz

Wat hunn Täsche mat der Selbstbestëmmung vun de Fraen ze dinn?
headphones

2 min

play_arrow
D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al | © FindVej NoPic

D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al

Haut virun 123 Joer war d’Uropféierung vum Carl Nielsen senger Helios-Ouverture Op. 17.
headphones

1 min

play_arrow
Museksdepartement un der Uni Nottingham gëtt no iwwer 100 Joer zougemaach | © Pexels

Museksdepartement un der Uni Nottingham gëtt no iwwer 100 Joer zougemaach

Wat dëst elo genee fir d’Enseignantë bedeit a wéi vill Leit vun dëser Fermeture betraff sinn, ass nach net kloer. D’Uni hält sech fir den Ament mat weideren Detailer bedeckt.
headphones

2 min

play_arrow
Diskrepanz an den europäesche Concertsprogrammatiounen | © Pexels

Diskrepanz an den europäesche Concertsprogrammatiounen

Eng nei Etude bestätegt: Komponistinne sinn a bleiwen aktuell eng Raritéit op ville Concertsprogrammen.
headphones

3 min

play_arrow
Vum Teleskop-Kran aus den Orchester dirigéiert | © Quell: Instagram /aussiesinbordeaux & classicfm

Vum Teleskop-Kran aus den Orchester dirigéiert

Fir ee besonneschen Optakt huet de jonken Dirigent Kyrian Friedenberg viru ronn 20.000 Leit zu Bordeaux gesuergt. Hien huet vun engem Teleskop-Kran aus dirigéiert ...
headphones

3 min

play_arrow
Dat gëtt deier - Berliner Philharmonie mat Problemer | © Pexels

Dat gëtt deier - Berliner Philharmonie mat Problemer

Zënter 1963 steet zu Berlin déi bekannte Philharmonie net wäit vum Potsdamer Platz. Mee no iwwer 60 Joer ginn et dann och vill Problemer, déi dréngend behuewe musse ginn ...
headphones

2 min

play_arrow
Elbphilharmonie setzt op Influencer | © Christoph Hertel

Elbphilharmonie setzt op Influencer

Fir d’Saison 2026/27 an domat den 10. Jubiläum schafft d’Elbphilharmonie zu Hamburg elo mat 3 Influencer zesummen.
headphones

2 min

play_arrow
Iwwer 75% vum Budget fir d’klassesch Musek an der Schwäiz | © Pexels

Iwwer 75% vum Budget fir d’klassesch Musek an der Schwäiz

Vun alle Museksgenren kënnt d’klassesch Musek, wann et ëm d’Musekfërderung geet, am beschte weg.
headphones

3 min

play_arrow
Skulptur Sinfonia, an Éiere vum Fred Harles | © Jenny Feyder/Opus

Skulptur Sinfonia, an Éiere vum Fred Harles

Leschte Mëttwoch gouf am Escher Conservatoire eng besonnesch Skulptur ageweit, an Éiere vum fréieren Direkter Fred Harles.
headphones

3 min

play_arrow
70.000 Fräitickete fir d’MET Oper gi verloust | © EPA/Olga Fedorova

70.000 Fräitickete fir d’MET Oper gi verloust

Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet sech eng ganz besonnesch Aktioun afale gelooss, fir de Leit Konscht méi no ze bréngen a géint net verkaaften Tickete virzegoen.
headphones

3 min

play_arrow
120 Joer Dmitri Schostakowitsch

120 Joer Dmitri Schostakowitsch

Haut feiere mir de Gebuertsdag vum russesche Komponist, deen de 25. September 1906 zu St. Petersburg gebuer gouf.
headphones

4 min

play_arrow
Impressionnant Operenhaus zu Shanghai mécht deemnächst seng Dieren op | © Tian Fangfang

Impressionnant Operenhaus zu Shanghai mécht deemnächst seng Dieren op

Am Oktober kann een un der Ostküst vu China, zu Shanghai, een neit Operenhaus bestaune mat Plaz fir bis zu 2.000 Leit.
headphones

2 min

play_arrow
Leopold Hager rett Salzburger Orchesterakademie mat 500.000€ | © Casa da Música/João Messias

Leopold Hager rett Salzburger Orchesterakademie mat 500.000€

"D'Musikalesch Ausbildung vu jonke Mënsche läit mer um Häerz!"
headphones

2 min

play_arrow
8. Editioun vun "Artistes en Herbe" | © Quell: www.artistesenherbe.lu

8. Editioun vun "Artistes en Herbe"

Lëtzebuerg ass nees op der Sich no neie Kompositiounen. Fir all Alter gëtt et beim Concours "Artistes en Herbe" eng Chance an d'Bün.
headphones

2 min

play_arrow
Moselmusikfestival mat 3 Stopps zu Lëtzebuerg | © Pexels

Moselmusikfestival mat 3 Stopps zu Lëtzebuerg

Dës Woch kann een direkt dräi verschidde Concerten am Kader vum Moselmusifestival am Grand-Duché erliewen. Entweder mat Kammermusik oder solistesch.
headphones

3 min

play_arrow