Ganz nei sinn d'Moderniséierungsmesurë vum Schuberthaus zu Wien presentéiert ginn. Dem Schubert säin Haus soll nämlech komplett moderniséiert a renovéiert ginn. Grond dofir dierft den 200. Doudesdag vum Komponist sinn, un deen 2028 geduecht gëtt. Geplangt huet ee fir dëse Jubiläum dann och eng besonnesch Ausstellung.
D’Moderniséierung vum Schubert-Haus bezitt sech virun allem op d’Zougänglechkeet zum Gebai a sengem Beréng, déi och fir Leit mat Beanträchtegung besser zougänglech gemaach soll ginn. Eng nei Fassad an Elektrik am Haus sinn och virgesinn. Nei dobäi kommen ee Concertssall mat Plaz fir ronn 70 Leit, een Atelier wéi och déi néideg Keessen, Shoppen an Toiletten.
Wien nach net d’Méiglechkeet hat sech d’Schuberthaus zu Wien unzekucken: Entdecke kënnt Dir ënner anerem Nouten, Manuskripter an esouguer de Brëll vum Franz Schubert, wat och nach 200 Joer no sengem Doud un de Romantiker soll erënneren.