Mir wëssen alleguerte wéi "Romeo a Julia" ausgeet. Et ass eng tragesch Geschicht, an där déi zwee zum Schluss stierwen. Vum Shakespeare senger Tragedie gëtt et immens vill Varianten, déi opgeféiert ginn. Sief et als Theater, als Oper oder als Ballet. Mee d’Handlung bleift ëmmer déi selwecht.
Ausser, et mëscht sech mol eng Kéier eng Kaz an, am 5. Akt. Dat ass nämlech tatsächlech esou geschitt wärend enger Opféierung vum Prokofiev senger Balletsversioun an der tierkescher Stad Izmir.