Vläicht erënnert Dir Iech nach un dës Nouvelle? Ufank Mäerz war bekannt ginn, datt de Conseil d’Administration vum Boston Symphony Orchestra de Kontrakt vum aktuelle Chefdirigent Andris Nelsons net méi verlängere géif. An dat no enger 13-järeger erfollegräicher Zesummenaarbecht. Firwat déi Nouvelle esou grouss Welle geschloen hat, louch un zwou Saachen: engersäits koum dës Ukënnegung zimmlech iwwerraschend, anerersäits soll et eng ondemokratesch Decisioun gewiescht sinn, déi de Chef vum Conseil d’Administration selwer duerchbruecht huet.
No 3 Méint mat ettlechen onbeäntwerten Ufroen zum Andris Nelsons senger iwwerraschender Kënnegung mellt de CEO Chad Smith sech endlech zu Wuert. Den Toun ass versönlech, mat engem batteren Enn. Seng onpopulär Decisioun wäert den Chad Smith net réckgängeg maachen.