Den Echterclassic Festival wäert dëst Joer vum 9-11. Oktober am Trifolion stattfannen an dëst Joer sinn nees renomméiert Kënschtler:innen, déi optrieden: De Festival start mam Meedercherschouer Scala & Kolacny Brothers, deen en plus säin 30. Jubiläum dëst Joer feiert. Déi franko-israeelesch Mezzosopranistin Naama Liany hëlt eis mat op eng Rees duerch d'Klangwelt vum 20. Joerhonnert mat engem Concert ënner dem Titel “Cité d'Amour”. De Saxofonist Andreas Mader presentéiert säin neie Projet “IN MOTION": zesumme mat 12 Museker:innen gëtt d'Musek mat Beweegungen a visuellen Elementer vermëscht. A schlussendlech gëtt de Festival mat enger Matinée ofgeschloss, bei där den Duo Kiasma mam Pierre Fontenelle a mam Frin Wolter d'Kläng vum Akkordeon a vum Cello anenee verschmëlze léisst. Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Trifolion. Den Ticket fir déi 3 Deeg Festival kascht 99 €, bzw 69 € fir Leit ënner 27 Joer. Tickete fir d'Concerte kënnen awer och eenzel kaaft ginn.
D'Programmatioun vum Festival Echterclassic ass eraus!
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
2-fachen Oscar Gewënner Anthony Hopkins bréngt ee Klassik-Album eraus
Beim Label Decca Classic bréngt de Schauspiller Anthony Hopkins een Album mat selwer komponéierte klassesche Wierker eraus. "Life Is A Dream"
Just nach klassesch Musek um meescht gelauschterte Radiosender an Ungarn
Just nach klassesch Musek um meescht gelauschterte Radiosender an Ungarn: Dat ass een neie Changement, mat deem een de staatleche Rundfunksystem an Ungarn ëmstrukturéiere wëllt.
Mam Simon Rattle am Zirkus sangen
De Projet "Singen mit Sir Simon" ass ee Matmaach-Projet vum Stardirigent a sengem Orchester vum Bayerischen Rundfunk fir Amateurchéier aus ganz Bayern.
D'Renovatioune vun der Oper Palais Garnier verlängere sech ëm 3 Joer
Fir d’Touristen a Frënn vun der klassescher Musek heescht et zu Paräis nach weider 3 Joer sech gedëllegen. D’Oper “Palais Garnier” wäert nämlech eréischt 2032 seng Dieren opmaachen
Prix Arts et Lettres geet 2026 un den Dirigent Pit Brosius
Zënter dem Joer 2008 gëtt et de Prix Arts et Lettres vum groussherzoglechen Institut, deen Talenter aus der Kulturzeen zu Lëtzebuerg auszeechent.
Herbert Blomstedt annuléiert kommend Concerten
Wéinst enger Infektioun a gesondheetleche Problemer huet den Dirigent Herbert Blomstedt kommend Concerte fir déi nächst Méint annuléiert.
Opéra de Paris kritt eegene Sinfonieorchester
"Philopéra" heescht deen neien Orchester. An de Reien 116 Museker:innen. Aussergewéinlech ass, datt d'Organisatioun ënner eegener Regie ofleeft.
D'Aschreiwunge fir de Fërderprogramm Global Project Grant sinn op
Dir hutt eng Iddi fir ee musikalesche Projet, braucht awer nach eng passend Strategie mam néidege Budget? Dann ass vläicht dëse Fërderprogramm dat Richtegt.
Lëtzebuerger Album stiermt aktuell d'Apple Klassik Charts
Dem Lëtzebuerger Francesco Tristano säin Album "Bach-The 6 French Suites" ass aktuell dee meescht gelauschterten Album aus den Apple Klassik-Charts.
Tëschent Nouteblieder a Fussballschong
Tëschent Nouteblieder a Fussballschong stinn aktuell e puer Spiller an der Fussballweltmeeschterschaft. Ee Bléck hanner d'WM-Staren 2026.
Schluss mat de "Mozart-Vendeuren"
D'Stad Wien kämpft mat Ticketvendeuren, déi wéi de Wiener Klassik Komponist Mozart verkleet duerch d’Stad lafen. Fir Wien eng eenzeg Plo, mat där ab dem 1. Juli Schluss soll sinn.
Gratis war eemol - 5 Euro Entrée fir Elbphilharmonie Balcon vun Oktober un
Wien en Tour duerch d’Hansestad am Norde vun Däitschland mécht, kënnt nëmme schlecht laanscht de Balcon vun der Elbphilharmonie zu Hamburg. Dës Visitt ass geschwënn net méi gratis.
Opus Klassik 2026 - Dat sinn d'Nimm vun de Gewënner
Endlich hat das Warten ein Ende – esou lüft d’Gala vum Opus Klassik d’Geheimnis ëm d’Gewënner vun dësem Joer. An wéi ëmmer gi rëm eng sëllege Musekerinnen a Museker geéiert.
Nei Téin fir Nationalfeierdag
Den Erny Delosch an de Jean-Jacques Mailliet hu béid speziell Musek fir d'Feierlechkeete vun dësem Joer komponéiert.
Bayreuther Festpiele: Michel Friedman elo awer dobäi
Op ausdréckleche Wonsch vun der Geschäftsführerin an Urenkelin vum Richard Wagner
Stater Conservatoire: Serge Bausch gëtt neien Direkter
De Sous-Direkter iwwerhëllt den Direkteschposten am September 2026.
Izmir: "Romeo und Julia" mat enger Kaz
Am trageschste Moment vum Shakespeare senger Geschicht kënnt ongenéiert eng Kaz op d'Bün a spillt mam doudege Romeo sengen Hoer.
Eng Saison fir Beethoven-Fans
D'Beethoven-Haus Bonn stellt de Jubiläumsprogramm fir den 200. Doudesdag vir.
Der Tragödie letzter Teil?
Boston Symphony Orchestra: No 3 Méint mat ettlechen onbeäntwerten Ufroen zum Andris Nelsons senger iwwerraschender Kënnegung mellt de CEO sech zu Wuert.