Den Echterclassic Festival wäert dëst Joer vum 9-11. Oktober am Trifolion stattfannen an dëst Joer sinn nees renomméiert Kënschtler:innen, déi optrieden: De Festival start mam Meedercherschouer Scala & Kolacny Brothers, deen en plus säin 30. Jubiläum dëst Joer feiert. Déi franko-israeelesch Mezzosopranistin Naama Liany hëlt eis mat op eng Rees duerch d'Klangwelt vum 20. Joerhonnert mat engem Concert ënner dem Titel “Cité d'Amour”. De Saxofonist Andreas Mader presentéiert säin neie Projet “IN MOTION": zesumme mat 12 Museker:innen gëtt d'Musek mat Beweegungen a visuellen Elementer vermëscht. A schlussendlech gëtt de Festival mat enger Matinée ofgeschloss, bei där den Duo Kiasma mam Pierre Fontenelle a mam Frin Wolter d'Kläng vum Akkordeon a vum Cello anenee verschmëlze léisst. Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Trifolion. Den Ticket fir déi 3 Deeg Festival kascht 99 €, bzw 69 € fir Leit ënner 27 Joer. Tickete fir d'Concerte kënnen awer och eenzel kaaft ginn.
D'Programmatioun vum Festival Echterclassic ass eraus!
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Happy Birthday Sir Elgar!
Den Edward Elgar gouf den 2. Juni 1857 gebuer
En Eurovision fir klassesch Musek
Dir kennt bestëmmt den Eurovision Song Contest? Mee wosst Dir, datt d’Klassik säin eegenen Eurovision huet?
"Sacre du Printemps" - ee gefloppte Succès
"Le Sacre du Printemps" war um Dag vun der Uropféierung ee grousse Skandal a souguer Reinfall. Bis haut war et fir den Igor Strawinsky awer ee risege Succès. Wéi geet dat?
Tëscht Cockpit an Orchester - Daniel Harding iwwerhëlt LA Philharmonic
De renomméierte Spëtzenorchester, de Los Angeles Philharmonic, kritt mam britteschen Dirigent a Pilot Daniel Harding no 17 Joer een neier Dirigent.
virtuos, perfektionistesch, Paganini!
Wann ee Solist berüümt, beléift a gefaart gläichzäiteg ass a war, da wuel kloer de Geiist Niccolo Paganini. Den "Teufelsgeiger" stierft haut viru genee 186 Joer.
Zäit fir een Update - Restauratioun vum Wagner Fligel
Den héchstperséinleche Fliigel vum Komponist Richard Wagner, deen no 150 Joer a Gebrauch elo eng komplett Restauratiounkrut.
Elim Chan gëtt éischt Dirigentin vum San Francisco Sinfonieorchester
Zënter 115 Joer ass de San Francisco Symphony Orchestra de bedeitendsten Orchester aus Kalifornien. Mat der Elim Chan kritt den Orchester seng éischt Dirigentin.
Deutsche Radio Philharmonie mat neiem Orchestermanager
Fir d'Saison 26/27 kritt d'Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern en neien Orchestermanager: den Adrian Kiedrowski.
Viru Kopfhörer a Streaming, gouf et den Emil Berliner
1888 presentéiert den Emil Berliner seng Iddi, déi d'Museksindustrie verännere soll: De Grammophon. Ab elo ass d'Musek massentauglech.
D'Gewënner vum Internationale Gittareconcours
An de grousser Finall konnten sech leschte Weekend international Kënschtler beim Internationale Gittareconcours behaapten.
Neientdeckung mat Musek vum Ralph Vaughan Williams
68 Joer nom Doud vum brittesche Komponist Ralph Vaughan Williams, huet een elo an engem Londoner College-Archiv eng bis ewell onentdeckte Kompositioun rëmfonnt.
Pianoen duerch d'ganz Stad Lëtzebuerg
Nach bis de 16. Juni kann een an der Stad ënnert fräiem Himmel Piano spillen oder anere beim Musek maachen nolauschteren.
De Richard Wagner als Playmobilsfigur
Fir den 150. Anniversaire vun de Bayreuther Festspiele. D'Figur gëtt pénktlech fäerdeg fir dem Wagner säi Gebuertsdag den 22. Mee.
80 Joer La Scala zënter dem zweete Weltkrich
Den Arturo Toscanini huet 1946 bei der Neierëffnung vum Operenhaus dirigéiert. Gëschter bei de Feierlegkeeten war de Riccardo Chailly um Pult.
D'Militärmusek spillt Concerten a Pfleegeheemer
Leit déi net méi esou einfach an de Concertssall goe kënnen, d'Musek an déi eege véier Wänn bréngen. Dat ass d'Iddi vun der Militärmusek an der Fondation EME bei hirem Projet.
Europa sicht seng Sinfonie
De Projet "Europasinfonie" ass ee Remote-Orchester, deen dausende Kilometer verdeelt duerch Europa sëtzt an online spillt. Elo ass een op der Sich no enger Sinfonie fir Europa.
Tounbänner a Kartongskëschten - Mann sammelt 50 Joer illegal Live-Musek
Ee besonnescht Ierwen huet den New Yorker Wall Street Aarbechter Leroy A. hannerlooss: Kartongskëschten an Tounbänner mat zéngdausend Stonnen illegal enregistréierter Live-Musek.
Mat 90 Joer um Dirigentepult - Den Zubin Mehta a säi Gebuertsdagsconcert
Den indeschen Dirigent, deen och e Stär um weltbekannte Walk of Fame zu Hollywood krut, huet elo fir säin 90. Gebuertsdag ee Concert dirigéiert.
5. Mee - Dag vun der portugiesescher Sprooch
De 5. Mee ass den offiziellen Dag vun der portugisescher Sprooch. 2019 gouf dëse vun der UNESCO ausgeruff.