D'Programmatioun vum Festival Echterclassic ass eraus!

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Echterclassic Festival wäert dëst Joer vum 9-11. Oktober am Trifolion stattfannen an dëst Joer sinn nees renomméiert Kënschtler:innen, déi optrieden: De Festival start mam Meedercherschouer Scala & Kolacny Brothers, deen en plus säin 30. Jubiläum dëst Joer feiert. Déi franko-israeelesch Mezzosopranistin Naama Liany hëlt eis mat op eng Rees duerch d'Klangwelt vum 20. Joerhonnert mat engem Concert ënner dem Titel “Cité d'Amour”. De Saxofonist Andreas Mader presentéiert säin neie Projet “IN MOTION": zesumme mat 12 Museker:innen gëtt d'Musek mat Beweegungen a visuellen Elementer vermëscht. A schlussendlech gëtt de Festival mat enger Matinée ofgeschloss, bei där den Duo Kiasma mam Pierre Fontenelle a mam Frin Wolter d'Kläng vum Akkordeon a vum Cello anenee verschmëlze léisst. Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Trifolion. Den Ticket fir déi 3 Deeg Festival kascht 99 €, bzw 69 € fir Leit ënner 27 Joer. Tickete fir d'Concerte kënnen awer och eenzel kaaft ginn.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

ONJ in Concert - live um Opus | © Max Mausen

ONJ in Concert - live um Opus

Erlieft de Fréijoersconcert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg dëse Samschdeg um 20 Auer live um Opus!
headphones

9 min

play_arrow
Lëtzebuerger Debut mam Royal Philharmonic Orchestra | © Clara Evens

Lëtzebuerger Debut mam Royal Philharmonic Orchestra

Den Cellist Benjamin Kruithof huet säin éischte solistesche Concert an England mam Cellosconcerto vum Elgar gefeiert.
headphones

3 min

play_arrow
Anna Handler nei Dirigentin in Residence zu Los Angeles | © Peter Rigaud

Anna Handler nei Dirigentin in Residence zu Los Angeles

Vun der Saison 26/27 u wäert déi däitsch Dirigentin Anna Handler fir déi nächst 3 Joer de Programm vum Los Angeles Philharmonic matgestalten an dirigéieren.
headphones

2 min

play_arrow
Kansas City - Dräimol esou grousst Concertshaus geplangt | © pressphotos/ Kansas City Symohony

Kansas City - Dräimol esou grousst Concertshaus geplangt

De Kansas City Symphony Orchestra soll een neit Doheem plange mat bis zu 4.600 Plazen.
headphones

1 min

play_arrow

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Lëtzebuerger Chouer Nordvox gewënnt bei engem Concours an Italien

Lëtzebuerger Chouer Nordvox gewënnt bei engem Concours an Italien

De Lëtzebuerger Chouer Nordvox vum Conservatoire du Nord gewënnt an der Kategorie A1 fir gemëschte Chouer beim Concorso Corale Internazionale zu Riva del Garda an Italien.
headphones

2 min

play_arrow
Chopin: "Snowfall Nocturne" entdeckt (Abrëllsgeck) | © wikicommons

Chopin: "Snowfall Nocturne" entdeckt (Abrëllsgeck)

Entstanen ass d'Wierk am Wanter 1838/39, wärend sengem Openthalt op Mallorca.
headphones

9 min

play_arrow
Am Musée Rural zu Bënzelt kann een d'Liewe vu fréier endecken | © Visit Luxembourg

Am Musée Rural zu Bënzelt kann een d'Liewe vu fréier endecken

D'Carole Schimmer war dëse Weekend bei enger Visitt dobäi.
Am Concertssall fir d'Prüfunge léieren! | © AP Photo/Peter Dejong

Am Concertssall fir d'Prüfunge léieren!

Am Amsterdamer Concertgebouw kënne Studenten elo wärend Live-Concerte fir Prüfunge léieren. Egal ob mat Kaffi, Laptop oder Blat a Bläistëft
headphones

3 min

play_arrow
Salzburger Festspiller trennen sech vum Intendant Markus Hinterhäuser | © SF/Neumayr/Leo

Salzburger Festspiller trennen sech vum Intendant Markus Hinterhäuser

Wéi een déi lescht Woche scho liese konnt, goufen et wuel ëmmer méi Onstëmmegkeeten, Diskussiounen a souguer Streidereien tëscht dem Markus Hinterhäuser an de Festspiller.
headphones

2 min

play_arrow
Premio Soberano fir d'Stephany Ortega | © El Democrata, Zäitschrëft aus der Dominikanescher Republik

Premio Soberano fir d'Stephany Ortega

An der Dominikanescher Republik ausgezeechent als bescht "Lyresch Sängerin 2026"
headphones

2 min

play_arrow
Prominent Ënnerstëtzung fir den Andris Nelsons an de BSO | © Chris Lee

Prominent Ënnerstëtzung fir den Andris Nelsons an de BSO

Net nëmmen de Bostoner Publikum, mee och d'Berliner Philharmoniker reagéieren op den Alleingang vum Conseil d'Administration vum Boston Symphony Orchestra
headphones

4 min

play_arrow
Avantgardist mat Virléift fir Vollekstéin aus Osteuropa | © bozar.be

Avantgardist mat Virléift fir Vollekstéin aus Osteuropa

Haut um 22. Mäerz 2026 ass dem Béla Bartók säin 145. Gebuertsdag.
headphones

5 min

play_arrow
Museksschoul Cavem faillite | © Pixbay/Joanjo Castello

Museksschoul Cavem faillite

Den Direkter gëtt zënter 10 Deeg vermësst
headphones

1 min

play_arrow
Happy Birthday

Happy Birthday

Direkt dräi Komponist:innen hunn haut Gebuertsdag
headphones

6 min

play_arrow
De Saxofon feiert Gebuertsdag

De Saxofon feiert Gebuertsdag

En Instrument mat engem richtegen Gebuertdatum
headphones

3 min

play_arrow
Bach in the Subways 2026 | © Bach Vereenegung Lëtzebuerg

Bach in the Subways 2026

Den 21. März 2026 war déi zweet Editioun vu Bach in the Subways an der Stat. 52 Konzerte mat Musek vum Johann Sebastian Bach op 21 Plazen, an dat alles gratis.
headphones

4 min

play_arrow
'Nurejew' zu Berlin | © Philippe Bataillon

'Nurejew' zu Berlin

E kënschtleresch Denkmal fir e Virbild
headphones

3 min

play_arrow
Uropféierung vum Claude Lenners am St John’s College zu Cambridge | © Jo Diseviscourt

Uropféierung vum Claude Lenners am St John’s College zu Cambridge

Quadragesima ass de laténgesche Begrëff fir d’Faaschtenzäit
headphones

2 min

play_arrow

headphones

2 min

play_arrow