Dee 47 Joer alen Dirigent Andris Nelsons aus Lettland ass aktuell ee vun de gefrotsten Dirigente vun der Welt. Hien ass net just Chefdirigent vum Boston Symphony Orchestra, mee och Kapellmeeschter vum Gewandhausorchester Leipzig an esouguer aktuell mat de Wiener Philharmoniker op grousser Tournee. An eréischt virun engem gudde Mount konnt den Andris Nelsons mam BSO an dem Weltcellist Yo Yo Ma nach ee Grammy fir en Album ofstëbsen. Mee no 13 Joer trennt sech de Boston Symphony Orchestra vun 2027 u vun hirem Chefdirigent Andris Nelsons. Den Haaptgrond läit wuel an der Zukunft vum Orchester. De Chad Smith, Haaptresponsabele vum Boston Symphony schwätzt vun Onstëmmegkeeten tëschent dem Dirigent an dem BSO, wat d’Ausriichtung vum Orchester ugeet. Den Andris Nelsons weist sech an engem Bréif, deen un d'Musekerinnen an d'Museker riicht, enttäuscht iwwer déi onfräiwëlleg Decisioun.
Andris Nelsons a Boston Symphony gi getrennte Weeër
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Den Dirigent Andris Nelsons (Foto: Marco Borggreve)
mic_none
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann
Episoden
D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026
Fir déi drëtte Kéier ginn zu Lëtzebuerg mam "Lëtzebuerger Musekspräis" d'Talenter aus der Musekszeen geéiert. Nei dobäi sinn eng weider Präiskategorie wéi och ee méi grousse Jury.
Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein
Onverwiesselbar, charismatesch, usprochsvoll - als Dirigent präägt de Leonard Bernstein wéi keen aneren d’20. Joerhonnert. Hie stierft op engem 14. Oktober 1990.
Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026
Och dëst Joer goufen nees d'Stare vum Joer op der grousser Gala zu Berlin mam Opus Klassik ausgezeechent.
MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper
En éischter ongewéinleche Casting huet sech an der MET Opera ofgehalen, bei där eng Schlaang fir dem Mozart seng Oper "Cosi fan tutte" gecast gouf.
Uropféierung vun der Catherine Kontz
Wat hunn Täsche mat der Selbstbestëmmung vun de Fraen ze dinn?
D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al
Haut virun 123 Joer war d’Uropféierung vum Carl Nielsen senger Helios-Ouverture Op. 17.
Museksdepartement un der Uni Nottingham gëtt no iwwer 100 Joer zougemaach
Wat dëst elo genee fir d’Enseignantë bedeit a wéi vill Leit vun dëser Fermeture betraff sinn, ass nach net kloer. D’Uni hält sech fir den Ament mat weideren Detailer bedeckt.
Diskrepanz an den europäesche Concertsprogrammatiounen
Eng nei Etude bestätegt: Komponistinne sinn a bleiwen aktuell eng Raritéit op ville Concertsprogrammen.
Vum Teleskop-Kran aus den Orchester dirigéiert
Fir ee besonneschen Optakt huet de jonken Dirigent Kyrian Friedenberg viru ronn 20.000 Leit zu Bordeaux gesuergt. Hien huet vun engem Teleskop-Kran aus dirigéiert ...
Dat gëtt deier - Berliner Philharmonie mat Problemer
Zënter 1963 steet zu Berlin déi bekannte Philharmonie net wäit vum Potsdamer Platz. Mee no iwwer 60 Joer ginn et dann och vill Problemer, déi dréngend behuewe musse ginn ...
Elbphilharmonie setzt op Influencer
Fir d’Saison 2026/27 an domat den 10. Jubiläum schafft d’Elbphilharmonie zu Hamburg elo mat 3 Influencer zesummen.
Iwwer 75% vum Budget fir d’klassesch Musek an der Schwäiz
Vun alle Museksgenren kënnt d’klassesch Musek, wann et ëm d’Musekfërderung geet, am beschte weg.
Skulptur Sinfonia, an Éiere vum Fred Harles
Leschte Mëttwoch gouf am Escher Conservatoire eng besonnesch Skulptur ageweit, an Éiere vum fréieren Direkter Fred Harles.
70.000 Fräitickete fir d’MET Oper gi verloust
Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet sech eng ganz besonnesch Aktioun afale gelooss, fir de Leit Konscht méi no ze bréngen a géint net verkaaften Tickete virzegoen.
120 Joer Dmitri Schostakowitsch
Haut feiere mir de Gebuertsdag vum russesche Komponist, deen de 25. September 1906 zu St. Petersburg gebuer gouf.
Impressionnant Operenhaus zu Shanghai mécht deemnächst seng Dieren op
Am Oktober kann een un der Ostküst vu China, zu Shanghai, een neit Operenhaus bestaune mat Plaz fir bis zu 2.000 Leit.
Leopold Hager rett Salzburger Orchesterakademie mat 500.000€
"D'Musikalesch Ausbildung vu jonke Mënsche läit mer um Häerz!"
8. Editioun vun "Artistes en Herbe"
Lëtzebuerg ass nees op der Sich no neie Kompositiounen. Fir all Alter gëtt et beim Concours "Artistes en Herbe" eng Chance an d'Bün.
Moselmusikfestival mat 3 Stopps zu Lëtzebuerg
Dës Woch kann een direkt dräi verschidde Concerten am Kader vum Moselmusifestival am Grand-Duché erliewen. Entweder mat Kammermusik oder solistesch.