Episoden
De Richard Wagner als Playmobilsfigur
Fir den 150. Anniversaire vun de Bayreuther Festspiele. D'Figur gëtt pénktlech fäerdeg fir dem Wagner säi Gebuertsdag den 22. Mee.
80 Joer La Scala zënter dem zweete Weltkrich
Den Arturo Toscanini huet 1946 bei der Neierëffnung vum Operenhaus dirigéiert. Gëschter bei de Feierlegkeeten war de Riccardo Chailly um Pult.
D'Militärmusek spillt Concerten a Pfleegeheemer
Leit déi net méi esou einfach an de Concertssall goe kënnen, d'Musek an déi eege véier Wänn bréngen. Dat ass d'Iddi vun der Militärmusek an der Fondation EME bei hirem Projet.
Europa sicht seng Sinfonie
De Projet "Europasinfonie" ass ee Remote-Orchester, deen dausende Kilometer verdeelt duerch Europa sëtzt an online spillt. Elo ass een op der Sich no enger Sinfonie fir Europa.
Tounbänner a Kartongskëschten - Mann sammelt 50 Joer illegal Live-Musek
Ee besonnescht Ierwen huet den New Yorker Wall Street Aarbechter Leroy A. hannerlooss: Kartongskëschten an Tounbänner mat zéngdausend Stonnen illegal enregistréierter Live-Musek.
Mat 90 Joer um Dirigentepult - Den Zubin Mehta a säi Gebuertsdagsconcert
Den indeschen Dirigent, deen och e Stär um weltbekannte Walk of Fame zu Hollywood krut, huet elo fir säin 90. Gebuertsdag ee Concert dirigéiert.
5. Mee - Dag vun der portugiesescher Sprooch
De 5. Mee ass den offiziellen Dag vun der portugisescher Sprooch. 2019 gouf dëse vun der UNESCO ausgeruff.
No 45 Joer Kammermusek - Hagen Quartett geet an d’Pensioun
1981 huet de Salzburger Hagen Quartett eng éischte Kéier virun engem internationale Publikum gespillt. Elo no 45 Joer ass dann awer Schluss.
Le Nozze di Figaro - Skandal op der Operebün
Tëschent Léift, Intrigen a Gesellschaftskritik entwéckelt sech eng vun de spannendsten Operen iwwerhaapt.
Concertspianist elo Pilot bei der Lufthansa
Den Alexander Melnikov deelt elo säi Liewen als weltwäit gefeierte Concertspianist mat senger zweeter Leidenschaft, dem Dram vum Pilot.
No Interview: Operenhaus Fenice entléisst Dirigentin virum Amtsuntrëtt
Nodeems d'Dirigentin Beatrice Venezi méintelaang intern an och extern kritiséiert gouf, war elo ee rezenten Interview Ausléiser, d'Zesummenaarbecht nach virum Untrëtt ze stoppen.
KI als Deel vun der Oper
Den Numm Carl Maria von Weber verbënnt ee mat der Romantik, Quintetter an natierlech och mat der Oper. Manner vläicht mat KI, déi da rezent awer beim "Freischütz" agesat gouf.
Doud vum Michael Tilson Thomas
Den Dirigent vum San Francisco Symphony Michael Tilson Thomas ass am Alter vun 81 Joer un engem Tumeur am Gehier gestuerwen.
13,5 Millioune bis 2030 fir den Zougang zur Kultur ze vereinfachen
Mam neien Aktiounsplang "accès à la culture" vum Kulturminister Eric Thill sollen d'Barriären tëschent Kënschtler:innen a Public ofgeschaaft ginn.
Wrestling mat klassescher Musek - een neien Trend?
Wrestling a klassesch Musek - een Trend? Spéitstens zënter datt de kanadesche Winnipeg Symphony Orchestra bei engem Wrestling-Event live gespillt huet, ass dat eng berechtegt Fro.
De Luis Schmidt - mat 22 Joer schonn Orchesterchef
2024 huet deen däitschen Dirigent Luis Schmidt säin eegenen Orchester gegrënnt.
80 Joer Marcel Wengler
E Komponist an Dirigent mat Fokus op der Lëtzebuerger Musek
En Abléck an dem Richard Wagner seng Zäit zu Venedeg
Aus Venedeg kënnt d'Nouvelle, datt de Richard-Wagner-Musée, d'Plaz wou de Komponist de Rescht vu sengem Liewe verbruecht huet, elo an d'offiziellt Musée-Netzwierk agebonne gëtt.