Wien d’Mëttegpaus notze wëllt fir e klenge Kulturausfluch ze maachen, dee kann den Dënschdeg, 28. Abrëll an d’Philharmonie goen. Do gëtt et um hallwer 1 am Espace Découverte de sougenannte Midi Baroque. D’Cembalistin Anne-Catherine Bucher interpretéiert déi 2. Partita an Do mineur an déi 5. Franséisch Suite vum Johann Sebastian Bach a si gëtt gläichzäiteg Erklärungen zu de Wierker an hirem historesche Kontext. D’Iddi dobäi dem Public op eng häerzlech Aart a Weis déi barock Musek méi no ze bréngen. D’Anne-Catherine Bucher erkläert d’Konzept hanner de Midis Baroques.
Eng barock Mise en Bouche
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Anne-Catherine Bucher (Foto: Eric Engel)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
"Bewitched"
Tëschent Jazz a Klassik mam Arthur Stockel, de 4. Juni am CAPE
360 Grad Concert mam Lëtzebuerger Kammerorchester
Eng nei Aart a Weis. klassesch Musek ze erliewe versprécht zënter 2024 ee Concertskonzept vum Orchestre de Chambre de Luxembourg (OCL), dat elo weider Concerten ubitt.
Clara Schumann: 130. Doudesdag
Eng vun de wéinege bekannte Komponistinnen, mee gëtt déi haiteg Unerkennung hirem Wierke gerecht?
Wann engem seng Welt ënnergeet
Den Cellist Jean-Guihen Queyras iwwer dem Messiaen säi Quatuor pour la fin du temps an doriwwer firwat de Weltënnergang och haut relevant ass.
Ivan Boumans feiert Uropféierung zu Liechtenstein
De Sinfonieorchester Liechtenstein spillt dem Lëtzebuerger Komponist säi Kontrabass-Concerto.
Erland Cooper zu Klierf
De Schottesche Multi-Instrumentalist Erland Cooper huet de Master vu sengem éischte Klassik Album an de Buedem begruewen an all digital Copy geläscht.
De Pierre Cao ass dout
Wéi eng Rei verschidde Source mellen, ass de Pierre Cao am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
70. Gebuertsdag vum Gast Waltzing an der Philharmonie
De Gast Waltzing feiert dëst Joer säi siwwenzegsten Gebuertsdag mat engem grousse Concert an der Philharmonie.
Liechtenstein: Uropféierung vum Ivan Boumans sengem Kontrabass-Concerto
De Guy Engels war an der éischter Prouf virgëschter Owend. Hie verréit eis seng éischt Andréck.
Der nächster Generatioun d'Mandolinn méi no bréngen
D’Mandolinn ass en Instrument mat enger laanger Traditioun, déi bis an de Barock zeréckgeet. Mee wéi bréngt een dëst klassescht Zupfinstrument der jonker Generatioun vun haut bäi?
Iwwer 180 Museker:innen an der Phiharmonie fir den Europadag
Fir den Europadag ze feieren, organiséiert de Choeur de Chambre de Luxembourg (CCL) haut den Owend (8.05.) um 7:30 Auer e Concert am Grousse Sall vun der Philharmonie.
Musek an Architektur: De Raum als gemeinsamen Nenner
Den nächste Weekend invitéiert den Ensembel Lucilin op zwee Deeg op Rëmerschen ënner dem Titel “Musique + Architecture”.
Zwee nei Formater, Amtsuntrëtt vum Martin Rajna, Beethoven-Jubiläum
Dat sinn déi grouss Theeme gewiescht op der Pressekonferenz vun der Philharmonie iwwer hir Saison 26/27.
Nabucco am Groussen Theater
Deen englesch-italieeneschen Dirigent Gaetano Lo Coco dirigéiert d'Lëtzebuerger Philharmoniker an dëser moderner Mise en scène vun der epescher Oper.
Eng musikalesch Mëttespaus mat Pueri Cantores
Ronn 60 jonk Sänger kann een en Dënschdeg de Mëtteg um 12h30 an d’Philharmonie um Kierchbierg op ee gratis Concert lauschtere goen.
Les Classiques With A Twist
Wie Loscht huet déi kommend Woch mat wuertwiertleche Klassiker an d'Woch ze starten, dee kann dat a Begleedung vun de Solistes Européens, Luxembourg maachen. Mee mat engem Twist!
Gitarrefestival 2026
Fir d’Lëtzebuerger Klassikzeen gëtt et dës Joer ee klenge Jubiläum ze feieren: de Gitarrefestival start nämlech a seng 5. Editioun.
Wéi kann een eng Operefigur nei interpretéieren?
D'Sängerin Mária Devitzaki verkierpert den Haaptpersonnage "Elle" aus der Oper "La voix humaine", ergänzt duerch eng Dänzerin, den 29. Abrëll am Trifolion.
Eng barock Mise en Bouche
Barock Häppercher kritt een de 28. Abrëll am Espace Découvertes vun der Philharmonie zerwéiert. D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher interpretéiert Wierker vum Bach.