Justiz

Zweete Bommeleeër-Prozess: Gouf am Haaptprozess eng Falschausso gemaach?

Beim Opschaffe vum zweete Bommeleeër-Prozess ass dem Affekot vum initial Ugeklote Marc Scheer eng Falschausso am Haaptprozess opgefall. Dat sot de Me Hirsch gëschter am Kader vum Prozess um Verwaltungsgeriicht ëm d’Affekotekäschte vum Marc Scheer a vum Jos Wilmes.

auto_stories

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

"Eng kleng Iwwerraschung"

Méi konkret wollt den Affekot vum Marc Scheer gëschter net ginn.

"Do wëll ech elo just eppes soen, lächelnden Mundes: Wir tun, was wir können, und wir können, was wir tun. Méi wëll ech zu dësem Zäitpunkt nach net doriwwer soen. Dat gëtt eng kleng Iwwerraschung."

Souwäit de Me Hirsch zu enger Falschausso am Haaptprozess vun der Bommeleeër-Affär.

*An enger éischter Versioun hat et geheescht, d'Ausso wier am zweete Prozess gemaach ginn. Richteg ass, datt déi Ausso, vun där de Me Hirsch geschwat huet, am Haaptprozess gemaach gouf.