De Parquet hat gëschter Owend an engem Communiqué matgedeelt, am Kader vun dëser Enquête wiere Perquisitioune bei sechs Persounen a 27 Gesellschaften, dorënner Banken a Liewensversécherungsgesellschaften zu Lëtzebuerg an am Ausland gemaach ginn.
Dat wéinst Verdacht vun ënner anerem Abus de biens sociaux, Blanchiment, Fälschung an dem Benotze vu gefälschten Dokumenter.
An enger schrëftlecher Prise de Position vum Kindy Fritsch sengem Affekot, de Maître Philippe Penning, heescht et, d‘Affär géif op onbegrënnte Virwërf vun engem eenzege minoritären Investisseur zeréckgoen. De Kindy Fritsch géif sämtlech Virwërf ofstreiden.
Faillite a Liquidatioun
Déi provisoresch Moossnamen, déi am Kader vun dëser Affär vun den Autoritéite geholl goufen, dorënner d'Asetze vun engem provisoreschen Administrateur, hätten dozou geféiert, datt vill Gesellschafte blockéiert goufen a Faillite gemaach hunn oder an d‘Liquidatioun gesat goufen.
Bei all deem hätt de Kindy Fritsch, deen e vierge Casier hätt, säi Standpunkt ni kënne verteidegen, an hie wier an eng schlëmm Situatioun geroden, zum Beispill hätt hien all Mëttel fir Banke-Paiementer verluer.
Ekonomesche Schued a Violatioun vu senge Rechter
Säi Mandant géif sech d‘Recht virbehalen den ekonomesche Schued, deen hien erlidden huet an d‘Violatioun vu senge Rechter viru lëtzebuergeschen oder europäesche Juridictiounen unzefechten.