Justiz

Messerattack zu Ettelbréck leschte Freideg: Parquet mellt ee schwéier Blesséierten

Dem momentanen Informatiounen no wier d‘Affer, ee Mann vu 34 Joer, awer net a Liewensgefor. De Mann wier net wäit vu sengem Doheem ugegraff ginn. E puer Zeien hätte séier agegraff an d‘Attack gestoppt. De verdächtegen Täter wier ee Mann vun 53 Joer.

auto_stories

1 min

Symbolfoto | © Rüdiger Rebmann
Symbolfoto (Foto: Rüdiger Rebmann)

E wier kuerz nom Virfall an enger Strooss niewendrun gepëtzt ginn. D‘Affer an de presuméierten Täter géife sech kennen. D‘Affer wier de Curateur am Verdächtege senger Faillite gewiescht. Et gouf eng Enquête opgemaach wéinst versichtem Doutschlag a versichtem Mord. 

De presuméierten Täter koum an Untersuchungshaft. De Parquet erënnert un d‘présomption d‘innocence.