EU-ACCORD

EU decidéiert nei Sanktioune géint Russland, mat Ausnamen

D’Mesurë betreffen de Finanz- an den Energiesecteur genee wéi een Arees-Verbuet fir russesch Zaldoten, déi an der Ukrain am Asaz waren. Verschidde Propose vun der EU-Kommissioun goufen net zeréckbehalen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Fredex play_arrow
(Foto: Fredex)

D’Verhandlungen tëschent den EU-Länner ware schwéier, well verschiddener sech fir Ännerungen agesat hu mam Argument, den ekonomesche Schued an der EU wier méi grouss wéi deen a Russland.

Och ouni Orbán: Verschidde Mesurë gi blockéiert

Och ouni de fréieren ungaresche Premier Viktor Orbán, dee bekanntlech dacks bei Sanktioune géint Russland Oppositioun gemaach huet, ass et net einfach sech ënnert de 27 EU-Länner eens ze ginn.

Dat huet dësen 21. Pak vu Sanktioune gewisen.

Automatesch Upassung vum Präisdeckel fir e Joer ausgesat

Dee Pak gesäit weider Restriktioune fir Gidder an Technologie vir, déi vun der russescher Militärindustrie benotzt ginn.

Et sollen och weider Schëffer, Banken, Krypto- a Pëtrols-Entreprisen aus Russland op d’Lëscht vun deene gesat ginn, mat deenen aus der EU keng Geschäfter méi dierfe gemaach ginn.

Geplangt ass och déi automatesch Upassung vum Deckel fir de Pëtrolspräis ee Joer laang auszesetzen. Deen Deckel hätt soss misse wéinst der Hausse vum Weltmaartpräiss als Suite vum Krich am Iran erhéicht ginn, wat méi Recette fir Russland bedeite géif. 

Griicheland an anerer hu Succès mat Veto

Verschidde Mesuren hu fir gréisser Diskussioune gesuergt.

Griicheland huet sech bis zum Schluss géint een Transportverbuet fir russesche Flësseggas an Drëttlänner agesat. An hat dobäi Succès: Elo sinn Ausname virgesi fir Kontrakter, déi virum Februar 2022 ofgeschloss goufen.

Restriktioune fir den Import vun Alaska-Saumon an de Verbuet vu Cabillaud aus Russland  goufen iwwerdeems net zeréckbehalen. Dofir hu sech Däitschland, Portugal a Frankräich bei de Verhandlungen agesat. 

Bulgarien huet dann och mat Succès duerchgesat, datt de russesche Patriarch Kirill vu Moskau bis op Weideres net sanktionéiert gëtt.

Lauschterenplay_arrow