De Fokus am Wierk soll virun allem op héichwäerteg SUVe geluecht ginn. Also éischter grouss Autoen. 4.500 Aarbechtsplaze sollen entstoen.
D'Noriicht u sech huet fir manner Opreegung gesuergt, wéi d'Form vun der Annonce.
De President vum Audi-Verwaltungsrot Gernot Döllner huet dat nämlech zesumme mam US-President bei enger Walkampfveranstaltung gemaach. Iwwerdeems huet de Gernot Döllner do dem Donald Trump ëffentlech Merci fir seng Ënnerstëtzung gesot.
Wand um Donald Trump seng Millen, deem seng Republikaner an de Sondagë fir d'Kongresswalen uganks November struewelen.
Optrëtt widdersprécht Audi-Richtlinnen
Dobäi hätt den Optrëtt iwwerhaapt net dierfe stattfannen. Wann de Gernot Döllner sech un d'"Grundsätze und Leitlinien für politische Interessenvertretung" vun Audi gehalen hätt. Do steet nämlech ënner anerem:
"(...) werden in den drei letzten Monaten vor Wahlen keine öffentlich wirksamen Termine mit zur Wahl stehenden Parteien/Politiker und keine Sponsorings von entsprechenden Veranstaltungen mehr durchgeführt."
De Verwaltungsrot vun Audi huet d'Pläng fir déi nei Fabrick schonn ofgeseent. D'Pläng mussen awer och nach hiren Accord vum Volkswagen-Verwaltungsrot kréien.
Kritik aus der SPD
D'Isabel Cadematori, SPD-Verkéiersexpertin, huet den Optrëtt vum Audi-CEO als "Walkampf fir en Autokrat, deen en Handelskrich géint Däitschland féiere géif", bezeechent.
Iwwerdeems wier et eng Schan, wann een op d'Geschicht vum VW-Konzern géif kucken, esou nach d'Politikerin. Volkswagen war an der Nazi-Zäit gegrënnt ginn a war déi Entreprise, déi den Adolf Hitler gär an d'Vitrinn gestallt huet.
Ëm wat geet et bei de Midterms iwwerhaapt?
Bei de Midterms gëtt iwwer dat ganzt Representantenhaus an en Drëttel vum Senat ofgestëmmt. D'Representantenhaus, wéi och de Senat sinn Deel vum amerikanesche Kongress a stellen d'Legislativ vum Land duer.
Am Representantenhaus sëtze 435 Deputéierter aus genee esou ville Walbezierker. Si sinn op zwee Joer gewielt.
Am Senat sëtze par contre 100 Senateuren. Zwee pro amerikanesche Bundesstaat. All zwee Joer gëtt en Drëttel vun de Senateuren nei gewielt.