Männerfussball

WM 2026: Rekord mat 48 Länner – a schonn déi nächst Expansioun am Bléck

An zéng Deeg geet an Nordamerika d'Fussball-Weltmeeschterschaft 2026 vun de Männer un - mat engem neie Rekord vun 48 Ekippen. Mee d'FIFA denkt scho weider. Fir 2030 kéinten et esouguer 64 Natioune ginn. Eng Kéier am Bléck: D'Geschicht vun der WM an hir kontinuéierlech Erweiderung.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Fussball | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Dimitri Drofitsch play_arrow
Fussball (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Dimitri Drofitsch)

Mat der Partie tëschent dem Co-Organisateur Mexiko a Südafrika fänkt an 10 Deeg d’Fussball-Weltmeeschterschaft 2026 a Mexiko, den USA a Kanada un. Bei dëser 23. Editioun vun enger WM sinn eng éischte Kéier 48 Länner dobäi, souvill wéi nach ni virdrun. Dofir dauert se dann och fënnef an eng hallef Wochen.

Mee mat där Zuel vun 48 Länner, déi un der Weltmeeschterschaft deelhuelen, kéint et nach net gedoe sinn: Déi international Fussball-Federatioun FIFA plangt nämlech, datt a véier Joer a virun allem Spuenien, Portugal a Marokko 64 Länner sollen dobäi sinn.

Vun 13 op 48 - d’Geschicht vun der WM

1930, op der éischter Fussball-Weltmeeschterschaft an Uruguay, ware ganzer 13 Länner dobäi: D’WM huet dann och nëmme 17 Deeg gedauert. 1934 hu 16 Länner deelgeholl, 1938 15, éier den Zweete Weltkrich fir eng Paus vun 12 Joer gesuergt huet. 1950 waren nees nëmmen 13 Länner dobäi, mee vun do u goung d’Zuel vu Participante just nach erop:

  • 1954 bis 1978: 16 Ekippen
  • 1982 bis 1994: 24 Ekippen
  • 1998 bis 2022: 32 Ekippen
  • 2026: 48 Ekippen

An a 4 Joer eventuell op 64 Länner.

De Maracana Stadion a Rio de Janeiro, wou Uruguay 1950 2:1géint Brasilien de WM-Titel gewonnen huet | © picture-alliance / dpa
De Maracana Stadion a Rio de Janeiro, wou Uruguay 1950 2:1géint Brasilien de WM-Titel gewonnen huet (Foto: picture-alliance / dpa)

Weltwäit Verbreedung vum Fussball

Dat eenzegt Land, dat bis ewell bei all Weltmeeschterschaft dobäi war, ass Brasilien. Däitschland ass zënter 1954 ëmmer dobäi, Argentinien zënter 1974, Spuenien zënter 1978 a Südkorea zënter 1986. Fir Brasilie bedeit dat 23 Participatiounen, fir Däitschland 21, fir Argentinien 19, fir Mexiko 18 a fir England, Spuenien a Frankräich 17.

Op dëser WM an Nordamerika sinn och véier Länner dobäi, déi bis dato nach ni un enger Weltmeeschterschaft deelgeholl hunn: Curaçao, en Inselstat aus der Karibik, dee mat ronn 155.000 Awunner:innen dann och dat klengste Land, bis elo, op enger WM ass. Jordanien, d’Land aus dem Mëttleren Osten. Usbekistan, déi zentralasiatesch fréier Sowjetrepublik, an de Cap Vert, den Nordwest-afrikaneschen Inselstat mat de ville Relatiounen zu Lëtzebuerg.

Bis haut hunn iwweregens schonn 83 Länner un enger Fussball-WM deelgeholl. Indie wier 1950 dat 84. gewiescht, ass awer deemools - trotz Qualifikatioun - net a Brasilien ugetrueden.

Lauschterenplay_arrow