Transport

Wirtschaftsministère: Virun engem Pëtrolsenkpass ze warnen war "néideg"

De Wirtschaftsministère warnt präventiv virun engem méigleche Pëtrolsenkpass. De Moien huet de Ministère nämlech e Communiqué erausgeschéckt, an deem stoung, datt d’Versuergung mat Pëtrolsproduiten hei am Land an den nächste Woche kéint gestéiert sinn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / Zoonar | Stanislav Sablin play_arrow
(Foto: picture alliance / Zoonar | Stanislav Sablin)

Dëst dach aussergewéinlecht Schreiwes war néideg, seet am 100,7-Interview de Coordinateur vun der Wirtschaftspolitik am Ekonomiesministère Jeff Feller, "well d’Situatioun aussergewéinlech ass".

Lëtzebuerg gëtt iwwer Waasser, Schinn a Strooss mat Pëtrol versuergt, mee vun e Méindeg un ass nieft dem Schëff- och den Zuchwee gestéiert.

Grousse Chantier spillt eng Roll

Engersäits féiert d’Musel net vill Waasser an anerersäits fänkt a fënnef Deeg e laang am Viraus geplangte Chantier op der Zuchstreck Stad-Tréier un. Deen huet ënner anerem en Impakt op de Mäerterter Hafen, an deem och Pëtrol ukënnt, betount de Jeff Feller. Dofir hätt een d’Populatioun präventiv wëllen doriwwer informéieren, datt et an den nächsten dräi Wochen op verschiddene Bensinnsstatioune kéint zu Enkpäss kommen.

D’Lag wär eescht ze huelen, wann och net dramatesch schlëmm, "net wéi 5 vun 10", esou de Jeff Feller. Am Grand-Duché hätt et och an de leschten zwou Woche scho Situatioune ginn, datt déi eng oder aner Tankstell e Produit zäitweis net hat. Well alles beienee kënnt, dierft elo 2-3 Wochen en Héichpunkt erreecht ginn. D'Situatioun géif sech awer normaliséieren, wann den Zuchchantier eriwwer ass an déi grouss Flëss nees méi Waasser hunn.

"Falls - a mir gesinn dat elo net kommen - et iergendwann eng Kéier sollt eng gréisser Versuergungssécherheetsproblematik ginn, hu mir och nach ëmmer zu Lëtzebuerg legal Stocken, déi de Wirtschaftsminister kann opmaachen. Dat si Stocken, déi d'Importateuren net däerfen an enger normaler Situatioun benotzen"

Dat wier och vum Gesetz hier esou gereegelt, fir beispillsweis bei enger gréisserer Porblematik d'Situatioun iwwerbrécken ze kënnen, esou de Jeff Feller.

"Dat ass eng Sécherheet, déi mer ëmmer hunn, déi mer an der Hannerhand hunn, déi mer awer, Stand haut, net wäerten an deenen nächste Woche brauchen."

Firwat konnt dee Chantier net verréckelt ginn?

De Wirtschaftsministère wär a Kontakt mat der CFL a mam Transportministère, fir den Impakt op de Mäerterter Hafe sou kleng wéi méiglech ze halen, heescht et. Dat géif u sech gutt klappen, mee den Zuchchantier wär e länneriwwergräifenden, seet de Jeff Feller.

"Wou Material erbäigefouert gëtt, wou alles muss geplangt ginn. An ech mengen, et huet jo och e gudde Grond, firwat sou Chantiere laang am Viraus geplangt ginn, fir dass och Cliente sech natierlech op sou eng Situatioun kënnen astellen."

De Coordinateur vun der Wirtschaftspolitik am Ekonomiesministère ënnersträicht iwwerdeems präventiv, datt d’Stroumsécherheet assuréiert an op deem Gebitt keen direkten Impakt ze gesi wär.

"Ech mengen, dat do war einfach e Saz, deen eis wichteg war, dass d'Leit wëssen, dass elo hei keng Versuergungsproblematik fir d'Land am Energieberäich existéiert."

Dem Jeff Feller no gëtt et nämlech fir Stroum genuch Méiglechkeeten am Land, beispillsweis iwwer Sonn a Wand.

Lauschterenplay_arrow