Nieft engem méi héije Steierkredit fir Mindestlounbezéier, engem Steierkredit fir eng Indextranche ze kompenséieren a Subventiounen am Energieberäich, sinn och speziell Hëllefe fir landwirtschaftlech Betriber an e Comité de Suivi vun der Tripartite virgesinn.
Bauere sollen Hëllef beim Dünger kréien
Well de Präis vum Dünger zënter dem Ufank vum Krich am Iran ëm ronn 50 Prozent méi deier ginn ass, wier et richteg, datt och d’Landwirtschaft ënner d’Äerm gegraff kritt, fënnt de President vun der Landwirtschaftskummer Christian Hahn. Genee Zuelen, wéi vill den Dünger soll subventionéiert ginn, gëtt et awer nach keng.
"Mir wëssen, a wat fir eng Richtung et geet, et hänkt nämlech dovun of, also et ass jo eng Deelbezuschussung vun der EU, a soubal déi kënnt, da gëtt et eebe fixéiert an de Staat géing eeben do eppes dropleeën."
Esou de Christian Hahn, dee betount, datt landwirtschaftlech Betriber och wäerten dovu profitéieren, datt de Privatleit hir Kafkraaft soll gestäerkt ginn.
Wéi de Comité de Suivi genee soll ausgesinn, ass nach net kloer
Ee weidere Punkt, deen am Tripartitesaccord festgehale gouf, ass de Comité de Suivi vun der Tripartite. Sozialpartner a Regierung solle sech all Trimester erëmgesi fir de Point vun der Situatioun ze maachen. Fir de Chef vum Patronatsverband UEL Michel Reckinger ass dee Comité e wichtegt Kriseninstrument.
"Dofir hu mir och gesot, de Statec soll eis all Mount nei Zuele liwweren, fir datt mir wierklech séier kënne reagéieren op dat, wat dobaussen ass. An les cas échéants dann erëm zesummekommen, fir nei Mesuren, aner Mesuren, méi Mesurë kënnen ze treffen."
Eng permanent Tripartite géif duerch de Comité de Suivi awer net entstoen, esou nach de Michel Reckinger. An och de Premierminister Luc Frieden fënnt et wichteg d’Situatioun am Bléck ze halen.
"Verschidde vun deene Moossname gräife jo och ab elo, anerer ab Januar d'nächst Joer. Soudatt et normal ass, datt mir do e Suivi maachen."
Den Ament ass allerdéngs nach onkloer, wéi genee de Comité de Suivi soll funktionéieren, gëtt och d’OGBL-Presidentin Nora Back zou.
"Mir hunn dat Engagement, wat eis néideg war, datt mir souwuel am Logement wéi bei der Cellule de reclassement wéi an deem Comité de Suivi nei Gremien hunn, wou déi Saachen diskutéiert ginn, op Tripartite-Niveau."
Datt een iwwerhaapt erëm géif matenee schwätzen, wier schonn e Fortschrëtt par Rapport zu de leschten zwee Joer, esou nach d’Nora Back. Elo misst een zesumme mat Regierung a Patronat kucken, wéi een déi verschidde Gremie konkreet ëmsetzt.