US-Aussoen no goufe militäresch Iwwerwaachungsanlagen, Logistik-Infrastrukturen a Waffedepoten ugegraff. Den iraneschen Autoritéiten no sinn dobäi am Süde vum Land op d'mannst dräi Mënschen ëm d'Liewe komm an aacht weider blesséiert ginn.
Als Géigenugrëff huet den Iran eegenen Aussoen no US-Militärbasen a Jordanien, Kuwait a Bahrain mat Rakéiten an Dronen ugegraff.