Dausende Kilometer fort vun hei hunn dem Trump seng Messagen op de Sozialen Netzwierker an an engem Interview alles nees a Fro gestalt.
Mee am Endeffekt gouf et eng Zort Accord fir den Accord ëmzesetzen.
USA muss Drock op Israel maachen, den Iran op d'Hisbollah-Miliz
Et ass zéi a komplex an dësen Negociatiounen. Teheran weist sech zefridden, well en neie Mechanismus gouf etabléiert, wou déi libanesesch Regierung och mat mécht, fir eng Wafferou do am Land tëschent der Hisbollah-Miliz an Israel ze etabléieren.
Israel an Hisbollah hunn deen Accord awer net ënnerschriwwen. D’USA mussen Israel also ënner Drock sëtze fir hir Ugrëff ze stoppen. An den Iran muss dat Selwecht mat der Hisbollah maachen.
Do ka villes schif goen, dat wëssen och d’Mediateuren, déi sech awer och haut wëllen optimistesch weisen.
Léisunge sollen a manner wéi 2 Méint um Dësch leien
Et ass en Enn vun den Diskussiounen op héijem Niveau, also a Presenz op US-amerikanescher Säit vum Vize-President JD Vance. Elo ass et un de sougenannten techneschen Ekippe fir d’Detailer vun dësem Accord ze diskutéieren an ëmzesetzen.
Dorënner eng permanent Reouverture un der Strooss vun Hormus, e virleefegt Enn vun den US-Sanktiounen op iranesche Pëtrol-Exporter, an - do gëtt et richteg komplex - eng Léisung fir den Atom-Programm vun Teheran, dee béid Länner zefridde stellt.
Dat soll alles a manner ewéi zwee Méint geléist ginn. Esou gesäit et d’Kaderofkommes vir.