Krich am Iran

Pentagon freet weider 80 Milliarden Dollar vum Kongress

De Krich am Iran gëtt méi deier wéi geplangt: De Pentagon brauch weider 80 Milliarden Dollar fir d‘Militäraktiounen. Wéi de Wall Street Journal haut schreift, wëllt d‘Regierung déi Suen elo vum Kongress accordéiert kréien.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Müller
(Foto: picture alliance/dpa | Thomas Müller)

Am US-amerikanesche Verdeedegungsministère hätt een deemno gemierkt, datt d‘Finanzreserven opgebraucht wieren. Dowéinst missten aner Militäroperatiounen an Traininge reduzéiert ginn.

Am Mee hat de Pentagon d'Käschte vum Krich am Iran nach op eng 29 Milliarden Dollar geschat, mee d'Oppositioun hat dës Zomm staark contestéiert an erkläert, dat wier ënnerschat.