Note de conjonction

STATEC: Däitlechst Konsequenze vum Krich am Noen Oste sinn d'Präishausse beim Sprit

Zënter Februar sinn d'Spritpräisser zu Lëtzebuerg staark geklommen. Beim Bensinn war et tëschent Februar an Abrëll eng Präishausse vun 19 Prozent. Beim Diesel waren et 41 Prozent a beim Masutt 69 Prozent.

auto_stories

1 min

Inflatioun | © Adobe Stock / gopixa
Inflatioun (Foto: Adobe Stock / gopixa)

De Gaspräis fir d'Menage loung Enn 2025 ronn duebel esou héich wéi virun der Kris 2022. Dat wieren d'Konsequenzen, déi Lëtzebuerg bis elo wéinst dem Krich am Noen Osten am däitlechsten ze spiere kréich, esou de STATEC am Fall, datt d'Note de conjuncture richteg wier. Déi gëtt den 2. Juni presentéiert. 

Weider Effekter kéinten awer nokommen, notamment duerch eng Hausse bei de Liewensmëttelpräisser.