An éischter Linn misst ee Repreneure fannen, fir déi ronn 50 Millioune Kilo Mëllech, déi d'EKABE net méi verschaffe wäert.
D'CSV-Ministesch huet sech haut wärend zwou Stonne mat de concernéierte Lëtzebuerger Bauere getraff.
"Dat heescht, do hänkt definitiv d'Existenz drun. A mer hunn elo mol haut virun allem Informatiounen ausgetosch a festgehal, datt mer elo mol intern analyséieren, wou mer eventuell kënnen hëllefen."
Elo missten d'Representante mat hire Membere schwätgzen.
"Hei war hire Comité, deen hei war. Mee si hu jo 68 Memberen. Dat heescht, do wäert den Owend nach eng Gespréich oder eng Sitzung mat den 68 Membere sinn. An da kucke mer weider."
Een nächste Rendez-vous géif nach net feststoen, esou d'Ministesch. Et géif ee sech géigesäiteg um Lafenden halen.
D’lescht Woch hat de franséische Grupp Lactalis – zu deem EKABE gehéiert - iwwerraschend annoncéiert, datt de Konzern vun Abrëll 2027 u keng Lëtzebuerger Mëllech méi wäert verschaffen.
Eng 68 Lëtzebuerger Mëllechbauer hu bis elo all Joer 54 Millioune Kilo Mëllech u Lactalis geliwwert. Dat mécht bis zu 15 Prozent vun der Lëtzebuerger Mëllechproduktioun aus.
Am 100,7-Interview hat de President vun der Bauerenallianz, de Marco Koeune, och schonn iwwer méiglech Pisten nogeduecht, an d'Genossenschaften als méiglech Léisung genannt, fir dem Problem an Zukunft entgéint ze wierken. Och Luxlait hat schonn annoncéiert, et géif ee probéieren de betraffene Baueren entgéint ze kommen.