Wirtschaft

FEDIL-President: Keng Glaskugel néideg fir ze wëssen, datt d'Inflatioun klamme wäert

Wéi staark ass d'Lëtzebuerger Industrie elo scho vun den héijen Energiepräisser betraff? Dem neie FEDIL-President no hält ee sech nach iwwer Waasser, mee ëmmer méi Beräicher kréien den Impakt vun der Kris ze spieren. Elo setzt een op eng léisungsorientéiert Tripartite.

auto_stories

4 min

headphones

12 min

Den Alex Schumann | © Jo Diseviscourt play_arrow
Den Alex Schumann (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Betriber sti virun onsécheren Zäiten: D’Energiepräisser si wéinst dem Krich am Noen Oste geklommen. Et ass awer onkloer, wéi laang déi Situatioun nach unhält, ob se sech entspaant, oder ob d’Präisser weider klamme wäerten.

Vill Beräicher si mëttlerweil betraff

Datt d’Situatioun immens onprevisibel ass, confirméiert och den Alex Schumann am 100,7-Interview. Hien ass zënter e puer Wochen neie President vun der Industriellefederatioun FEDIL.

D’Beräicher, an deenen een den Impakt spiert, ginn ëmmer méi grouss.

“Mir hunn offensichtlech eng Energiekris um Pëtrol. (...) Dat mierkt een am Transportsecteur. D’Assurancë vun de puer Schëffer, déi do (am Noen Osten) fueren, gi méi deier. Mir hunn éischt Liwwerengpäss op Matière première aus där Regioun.”

Hoffen an ofwaarden

Den Alex Schumann selwer schafft op der Goodyear. Aktuell wier een duerch déi ganz Kris nëmmen indirekt betraff, mee d'Produktioun vu Camionspneuen zu Colmer Bierg wier och sensibel, wat den Transport ugeet. Dat, well och d’Präisser vun der Logistik an d’Luucht ginn, erkläert den neie FEDIL-President.

“An eiser Industrie ass et net anescht wéi bei aneren, datt ee sech Gedanke mécht.”

Den Alex Schumann gëtt e weidert Beispill: D’Liewensmëttelindustrie. Déi géing dacks op Pëtrol-baséiert Verpackungen zeréckgräifen an doduerch den Impakt spieren.

Datt d’Demande esou staark ofhëlt, datt een d’Produktioun misst no ënne schrauwen, esou wäit wier een zu Lëtzebuerg nach a kengem Secteur, berouegt den Alex Schumann. "Den Ament hoffe mir, oder waarde mir of."

Kloer wier awer, datt den Ament wéinst der onsécherer Wirtschaftslag praktesch keng Investissementer gemaach ginn.

"Mir brauche keng Glaskugel"

D’Stéit kréien all dës Impakter natierlech och ze spieren. Dofir gesi sech Regierung, Patronat a Gewerkschafte vu muer un an der Tripartite, fir zesummen no Léisungen ze sichen.

De FEDIL-President erwaart sech, datt ee konkreet Léisunge sicht fir der Inflatioun entgéintzewierken.

“Do si mir eis alleguer eens: Mir schwätze vun enger Energiekris, enger Inflatioun, déi duerch déi héich Energiepräisser gedriwwe gëtt. Mir erwaarden eis Léisungen ze fannen, fir dat ofzebremsen.”

Virun zwou Wochen huet ee sech eng éischte Kéier gesinn, fir de Constat vun der aktueller Situatioun ze maachen, erzielt den Alex Schumann. Schonn deemools hätt de "beschten Zenario" bedeit, datt een all puer Méint enger weiderer Indextranche ganz no géing kommen.

“Mir hunn haut genuch Indicateuren an Donnéeën déi soen, et gëtt eng méi héich Inflatioun, wéi mir se kennen. Do brauch ee keng Glaskugel ze hunn.”

D’Prioritéit vum Patronat ass et sécherlech a kuerzer Zäit net ze vill Indextranchë mussen ze bezuelen.

No-Goe ginn et keng

Am Lëtzebuerger Land konnt ee liesen, datt d’Gewerkschaften der Regierung schonn en Dokument mat 13 Säite presentéiert hätten, wou prezis Fuerderungen opgelëscht sinn. D’Patronat hätt hir eege Fuerderungen, betount den Alex Schumann, wëllt dës awer "aus Respekt virun der Tripartite" net nennen.

Den neie FEDIL-President mengt, datt hien neien Optimismus an d’Diskussioun matbrénge kéint. Ob dat awer duergeet, fir d’Äis tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung nees ze briechen, mam Wëssen, datt ënner anerem de Punkt vun der Mindestlounerhéijung, un där d’Gewerkschafte festhalen, zu Diskussioune féiere wäert?

Sinn dës Diskussiounen ëm de Mindestloun eventuell en No-Go fir d’Patronat?

“Wann ee mat engem No-Go an d’Tripartite erageet, da brauche mir eis net ze gesinn. Jidderee bréngt seng Doleancë mat an et muss een diskutéieren.”

Zwee Deeg si fir d’Tripartite ugesat. Ob se eventuell nach verlängert wäert ginn, dat wollt den Alex Schumann net soen. Dofir wier hien nach net laang genuch dobäi.

Lauschterenplay_arrow