Den US-President Donald Trump huet ënnert anerem mam Virworf, datt China zënter 2020 probéiert hätt Afloss op d'Walen an den USA ze huelen, fir Opreegung gesuergt.
System an dem Bedruch an Amëschung net méiglech sinn
Et bräicht een ee System, an deem Bedruch an Amëschung praktesch onméiglech sinn, dat huet den US-President ënnerstrach. Leider géif den aktuelle System “katastrophal” hannert dësem Standard zréck bleiwen.
Den Donald Trump huet China virgehäit, am grousse Stil probéiert ze hunn, Afloss op d’Walen an den USA ze huelen. Hien huet behaapt, Peking hätt 2020 Waldonnéeë geklaut. Donieft hätt China Journaliste bezuelt, fir datt si kritesch iwwer den Trump berichten. Dem US-President no, sollen et Beweiser vu Geheimdéngschter dofir ginn, déi haut solle verëffentlecht ginn.
Demokraten: Trump wëll Vertrauen ënnergruewen
2020 hat den Donald Trump d’Presidentschaftswalen an den USA géint den Demokrat Joe Biden verluer. Den aktuellen US-President erkennt dës Néierlag bis haut net un. Den Trump behaapt ëmmer erëm, et wier Bedruch am Spill gewiescht. Dat gouf awer ëmmer erëm widderluecht.
D’Demokraten hate scho virum Trump senger Ried gefaart, hie kéint mat Bléck op d’Tëschewalen am November probéieren, d’Vertrauen a fair a fräi Walen ze ënnergruewen.