USA - China

Donald Trump beschëllegt China US-Walen am Joer 2020 manipuléiert ze hunn

A senger Ried zur Lag vun der Natioun, huet den US-President annoncéiert Dokumenter, déi d'Walbeaflossung beweise sollen, elo ëffentlech maachen. De chineesesche President plädéiert op der Welt-KI-Konferenz zu Shanghai iwwerdeems fir besser Kontrollmechanismen a Saache Kënschtlech Intelligenz.

auto_stories

2 min

© EPA/NG HAN GUAN -EPA/SAUL LOEB
(Foto: EPA/NG HAN GUAN -EPA/SAUL LOEB)

A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet den US-President Donald Trump China schwéier Reprochen a Saache Walbeaflossung gemaach.

Am Wäissen Haus sot hien, China wier Schold un der gréisster Hackerattack op Waldonnéeën an der Geschicht gewiescht.

China soll konkreet zënter de Presidentschaftswalen 2020, iwwer een Zäitraum vun e puer Joer, 220 Milliounen Datesätz vun amerikanesche Wieler:inne gesammelt hunn, esou de Virworf.

Trump wëllt Beweiser elo ëffentlech maachen

Beweiser dofir ginn et bis elo awer nach net. Den Donald Trump behaapt zënter Joren, datt d‘Wale vun 2020 manipuléiert goufen, ouni awer eng konkreet Grondlag ze hunn. Den aktuelle republikaneschen US-President hat am Joer 2020 d'Wale géint säin demokratesche Kontrahent Joe Biden verluer. 

Den Donald Trump huet als éischten US-President an der Geschicht d'Walresultat deemools ugefecht. 

Elo wéilt hien déi entspriechend Dokumenter verëffentlechen, déi seng Theorie vu Walmanipulatioun beweise sollen, esou nach den US-President a senger Ried gëschter.

China weist Virwërf zeréck 

D'China huet d'Reprochen zeréckgewisen. D'Regierung zu Peking hätt sech nach ni an US-Presidentschaftswalen agemëscht, heescht et vun der chineesescher Ambassade zu Washington. 

De chineesesche President Xi Jinping ass en Ament op der Weltkonferenz fir KI zu Shanghai. Hien huet hei fir eng méi enk international Zesummenaarbecht a Saache Kënschtlech Intelligenz plädéiert. D'Entwécklung vun där Technologie dierft net vun engem eenzege Land dominéiert ginn, mee misst op internationaler Kooperatioun baséieren.

Kloer Reegele fir Kënschtlech Intelligenz

Gläichzäiteg huet de Xi Jinping kloer Reegelen an eng besser Kontroll vun der Kënschtlecher Intelligenz gefuerdert. Et géif Gesetzer, Iwwerwaachungssystemer an Noutfallmechanisme brauchen, fir sécherzestellen, datt d'KI ëmmer ënner mënschlecher Kontroll bleift.

D'Weltkonferenz iwwer Kënschtlech Intelligenz zu Shanghai dauert nach bis e Méindeg.