Musek

Comeback vun der Céline Dion kéint bis zu 1 Milliard Euro fir Frankräich generéieren

Muer den Owend ass zu Paräis dee grousse Comeback vun der Céline Dion. Et ass deen éischte vu 16 Concerten, nodeems d'Sängerin sechs Joer net méi op der Bün war. Déi Concerte kéinten tëschent 570 Milliounen an enger Milliard Euro fir Frankräich generéieren, esou eng Etüd.

auto_stories

1 min

© EPA/TERESA SUAREZ
(Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

D'Etüd gouf duerchgefouert vun der Bank Natixis a berechent dobäi dat, wat d'Visiteure vun de Concerte kéinten ausginn, notamment d'Entréestickete selwer, mee och den Hotel, d'Restauranten, d'Transportkäschten a soss weider Akeef. 

Eng 40.000 Leit gi sech fir de Concert um Samschdegowend erwaart.