Leschten Update: 12:01 Auer
Beim Accident südlech vu Rouen goufe 44 Mënsche blesséiert. Eng 18 Joer al Fra gouf schwéier blesséiert mat engem Helikopter an d'Spidol bruecht. Am Zuch tëschent Rouen a Caen waren 186 Passagéier.
Ronn 130 Pompjeeën a fënnef medezinesch Ekippe waren am Asaz.
Aktuell vill Perturbatiounen an der Regioun
Eng Enquête leeft elo. Tester op Alkohol an Droge beim Lokomotivchauffer waren negativ.
Op där Streck ginn et aktuell nach ëmmer Perturbatiounen am Zuchverkéier.